Den (10) Hygiea (fréier (10) Hygieia) gouf no der Hygieia, der Duechter vum Heelgott Asklepios aus der griichescher Mythologie, genannt. Den Asteroid gouf vum Annibale de Gasparis den 12. Abrëll1849 zu Neapel, Italien entdeckt. Mat engem mëttleren Duerchmiesser vu 409 Kilometer ass den Hygiea deen drëttgréisste bekannten Asteroid an der Haaptceinture. Spektroskopesch Ënnersich hunn erginn, datt déi cheemesch Zesummesetzung vum Hygiea opfälleg där vun de kuelestoffhaltegeMeteoritte Warrenton an Ornans gläicht. Méiglecherweis ass den Hygiea den Urspronkskierper vun dëse Meteoritten.