Den Airbus A310 ass ee zweestralege Fliger vum europäesche Fligerbaur Airbus. Dëse Fliger, dee fir Mëttel- a Langstreckevole konzipéiert gouf, hat säin Éischtfluch den 3. Abrëll 1982. Am Juli2007 gouf mat der Produktioun vum A310 zesumme mat där vum A300 opgehalen.
Versiounen
A310-200 vu Pan Am
A310-100: Eng geplangt Kuerzstreckeversioun, déi awer ni realiséiert gouf.
A310-200: Éischt gebaute Versioun vum A310, ufanks ouni Winglets a mat bis zu 280 Plazen.
A310-200C: Bei dëser Versioun kennen d'Sëtzer erausgeholl ginn an de Fliger sou vun engem Passagéierfliger zu engem Frachtfliger ëmgebaut ka ginn.
A310-200F: Eng reng Frachtversioun vum A310, déi awer ni nei verkaaft gouf.
A310-300: Weiderentwéckelung vum A310-200 mat enger méi grousser Reechwäit.