Aix-en-Provence

Aix-en-Provence
Land Frankräich
Regioun PACA
Departement Bouches-du-Rhône
Arrondissement Aix-en-Provence
Kanton Aix-en-Provence-1
Aix-en-Provence-2
Postcode 13090, 13100
Gemengecode 13001
Koordinaten 43° 31’ 52’’ N
      05° 27’ 14’’ O
Fläch  186,08 ha
Bevëlkerung  140 100 (1999)

Aix-en-Provence ass eng franséisch Gemeng am Departement Bouches-du-Rhône an der Regioun Provence-Alpes-Côte d'Azur. D'Awunner ginn "Aixois" genannt.

Kuckeswäertes

Muséeën

  • Musée des Tapisseries: Kollektioun vum Äerzbistum. Tapissereien déi am 17. an 18. Joerhonnert zu Beauvais gemaach goufen, verschiddener no Virlage vum Bérain, eng Serie vun 9 Panneauen aus dem Liewe vum Don Quichotte, a 4 Panneauen op Virlage vum Leprince.
  • Musée Granet: Gebaut 1671, d'Priorat gouf 1838 e Musée. De François Marius Granet huet dem Musée e groussen Deel vu senge Molereie vermaach, an 1949 gouf en no sengem Numm gedeeft. Am Musée sinn och 10 Wierker vum Cézanne ze gesinn.
  • Fondation Vasarely: Gebaut 1973 no Pläng vum Victor Vasarely. D'Fassad, déi aus Folleg vu grousse schwarzen a Wäisse Kreesser besteet ass caracteristesch fir säi Wierk.
  • Hôtel d'Estienne de Saint-Jean: Gebaut am 18. Joerhonnert. Zanter 1930 ass de Musée du parlement de Provence et du vieil Aix am Gebai.

Aner Gebaier

  • D'Stadhaus mat dem Beffroy: Gebaut tëscht 1655 a 1678
  • D'Kathedral, 12 bis 17. Joerhonnert, mat niewendrun dem Klouschter aus dem 12. Joerhonnert
  • Den Äerzbëschofspalais
  • De Quartier Mazarin mat iwwer 60 Hotellen, de Sprangburen am fréiere Cours des Carosses, haut Cours Mirabeau, an de Statue vum Sculpteur Truphème

Verkéier

Aix-en Provence ass un de Verkéier ugeschloss iwwer:

Kulturelles

Am Joer 2006 huet Aix-en-Provence den 100. Doudesdag vum Moler Paul Cézanne gefeiert, deen do gebuer gouf.

Biller

Kuckt och


Um Spaweck

Um Spaweck

Commons: Aix-en-Provence – Biller, Videoen oder Audiodateien