Ananym

Ananym ass eng Form vun Anagramm, an deem e Schrëftsteller als Pseudonym säi realen Numm permutéiert, dat heescht, d'Buschtawen an eng aner Rei setzt, oder souguer hannerzeg schreift.

Beispiller

  • De François Rabelais, dee sech Alcofribas Nasier genannt huet.
  • D'Marguerite Yourcenar, där hire richtegen Numm Marguerite Cleenewerck de Crayencour war.
  • Den däitschen Auteur Kurt Marek, deen ënner dem Numm C. W. Ceram bekannt gouf. (Götter, Gräber und Gelehrte).
  • Dem Christoffel von Grimmelshausen säi Schreifnumm German Schleifheim von Sulsfort.