Annie Girardot

Annie Girardot
bei de Césars 2005
Gebuertsnumm Annie Suzanne Girardot
Gebuer 25. Oktober 1931
10. Arrondissement
Gestuerwen 28. Februar 2011
10. Arrondissement
Doudesursaach Alzheimer
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Conservatoire national supérieur d'art dramatique
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Televisiounsschauspiller, Sänger
Famill
Bestuet mat Renato Salvatori
Kanner Giulia Salvatori
Am Film "Rocco e i suoi fratelli" vun 1960

D'Annie Suzanne Girardot, gebuer de 25. Oktober 1931 zu Paräis, a gestuerwen och do den 28. Februar 2011, war eng franséisch Schauspillerin.

Hiert Liewen

D'Annie Girardot huet 1954 am Theater ugefaangen an hat hire Filmdebüt 1956 an Treize à table. Am Ganzen huet si a bal 150 Film- an Tëleesproduktioune matgespillt, dacks an tragesche Rollen, méi seelen och a Comédieën. Hir éischt grouss Roll hat se 1960 am Luchino Visconti seng Rocco e i suoi fratelli (mam Alain Delon); duerno koumen ë. a. 1967 Vivre pour vivre (mam Yves Montand), 1968 Dillinger est mort (mam Philippe Noiret), 1969 Un homme qui me plaît (mam Jean-Paul Belmondo), 1972 Les feux de la chandeleur (mam Claude Jade), 1974 La giffle (mam Isabelle Adjani) an 1995 Les misérables (mam Jean-Paul Belmondo).

2001 und 2005 war se an zwéi Filmer vum éisträichesche Regisseur Michael Haneke ze gesinn: an La pianiste wou se nieft der Isabelle Huppert an dem Benoît Magimel gespllt huet; a Caché, wou d'Juliette Binoche an den Daniel Auteuil hir Filmpartner waren.

D'Annie Girardot war vun 1962 bis 1988 mam Schauspiller Renato Salvatori bestuet, mat deem se zesummen eng Duechter, d'Giulia Salvatori hat.

1989 huet se hir Memoirë mam Titel Vivre d'aimer publizéiert.

2006 gouf bekannt, datt se zanter 2003 un der Alzheimer-Kränkt leide géif. Si ass 2011 doru gestuerwen.

Filmographie

Kino

vun 1955 bis 1959

vun 1960 bis 1969

vun 1970 bis 1979

vun 1980 bis 1989

vun 1990 bis 1999

  • 1990: Il y a des jours… et des lunes - Regie: Claude Lelouch - Haaptacteuren: Gérard Lanvin, Patrick Chesnais, Marie-Sophie L.
  • 1990: Faccia di lepre - Regie: Liliana Ginanneschi
  • 1991: Merci la vie - Regie: Bertrand Blier - Haaptacteuren: Charlotte Gainsbourg, Anouk Grinberg, Michel Blanc
  • 1991: Toujours seuls - Regie: Gérard Mordillat - Haaptacteuren: Zabou Breitman, Julie Jézéquel
  • 1992: Alibi perfetto - Regie: Aldo Lado - Haaptacteuren: Michael Woods, Philippe Leroy
  • 1992: Portagli i miei saluti... avanzi di galera - Regie: Gianna Maria Garbelli
  • 1994: Les braqueuses - Regie: Jean-Paul Salomé - Haaptacteuren: Catherine Jacob, Clémentine Célarié
  • 1995: Les misérables - Regie: Claude Lelouch]] - Haaptacteuren: Jean-Paul Belmondo, Michel Boujenah, Philippe Léotard
  • 1996: Les Bidochon - Regie: Serge Korber - Haaptacteuren: Anémone, Jean-François Stévenin, Daniel Gélin
  • 1998: Préférence - Regie: Grégoire Delacourt - Haaptacteuren: Georges Corraface, Jean-Marc Barr, Anna Galiena
  • 1998: L'âge de braise - Regie: Jacques Leduc - Haaptacteuren: France Castel, Domini Blythe

vun 2000 bis 2007

  • 2000: Ainsi soit nous- Regie: Nathalie Tocque - (Kuerzfilm)
  • 2000: T'aime - Regie: Patrick Sébastien - Haaptacteuren: Patrick Sébastien, Jean-François Balmer, Michel Duchaussoy
  • 2001: Ceci est mon corps - Regie: Rodolphe Marconi - Haaptacteuren: Louis Garrel, Jane Birkin, Elisabeth Depardieu
  • 2001: La pianiste - Regie: Michael Haneke - Haaptacteuren: Isabelle Huppert, Benoît Magimel, Susanne Lothar
  • 2002: Epsteins Nacht - Regie: Urs Egger - Haaptacteuren: Mario Adorf, Bruno Ganz, Günter Lamprecht
  • 2004: La prophétie des grenouilles - Regie: Jacques-Rémy Girerd - Haaptacteuren: Michel Piccoli, Anouk Grinberg
  • 2005: Je préfère qu'on reste amis… - Regie: Olivier Nakache, Eric Toledano - Haaptacteuren: Jean-Paul Rouve, Gérard Depardieu
  • 2005: Caché - Regie: Michael Haneke - Haaptacteuren: Daniel Auteuil, Juliette Binoche
  • 2005: Des fleurs pour Irma- Regie: Eric Lacroix - (Kuerzfilm)
  • 2006: Le temps des porte-plumes - Regie: Daniel Duval - Haaptacteuren: Jean-Paul Rouve, Anne Brochet
  • 2007: Boxes - Regie: Jane Birkin - Haaptacteuren: Geraldine Chaplin, Michel Piccoli
  • 2007: Christian - Regie: Elisabeth Löchen - Haaptacteuren: Elisabeth Löchen, Patrick Béthune

Um Spaweck

Commons: Annie Girardot – Biller, Videoen oder Audiodateien