Arthropoden

Arthropoden

Systematik
Räich: Déiereräich
Ënnerräich: Metazoa
Iwwerstamm: Urmünder
Stamm: Arthropoden
Wëssenschaftlechen Numm
Arthropoda
Ënnerstämm

Antennendéieren
Kriibsdéieren
Chelicerata
Stompféisser


D'Arthropoden (Arthropoda) oder Glidderféisser sinn e Stamm aus dem Déiereräich. Si si mat 75 % vun alle bekannten Aarten de gréisste Stamm aus dem Déiereräich.

Zu den Arthropode gehéieren ausser den Insekten, Dausendféisser, Spannendéieren, Milben a Kriibsdéieren och nach manner bekannt Gruppe wéi d'Séispannen an d'Feilschwanzkriibsen.

D'Gréisst geet vu mikroskopesch klengen Déiere bis hin zu Homaren déi 75 cm laang kënne ginn.

All d'Glidderféisser hunn e baussenzegt Sklett dat de ganze Kierpe ëmschléisst an dat duerch Haitungen erneiert gëtt.

Systematik

  • Stamm Arthropoden
    • Ënnerstamm Antennendéieren (Tracheata)
      • Iwwerklass Sechsféisser (Hexapoda)
        • Klass Insekten (Insecta)
        • Klass Duebelschwänz (Diplura)
        • Klass Beentaaschter (Protura)
        • Klass Sprangschwänz (Collembola)
      • Iwwerklass Dausendféisser (Myriapoda)
    • Ënnerstamm Kriibsdéieren (Crustacea)
        • Klass Cephalocarida
        • Klass Remipedia
        • Klass Kiemefousskriibsen (Branchiopoda)
        • Klass Héijer Kriibsen (Malacostraca)
        • Klass Maxillopoda
        • Klass Zongewierm (Pentastomida)
    • Ënnerstamm Chelicerata
        • Klass Spannendéieren (Arachnida)
        • Klass Merostomata
        • Klass Asselspannen (Pycnogonida)
    • Ënnerstamm Stompféisser (Onychophora)
        • Klass Udeonychophora

Um Spaweck

Commons: Arthropoda – Biller, Videoen oder Audiodateien