Arue (Landes)
| |||||
---|---|---|---|---|---|
D'Märei vun Arue | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Nei-Aquitaine | ||||
Departement | Landes | ||||
Arrondissement | Mont-de-Marsan | ||||
Kanton | Haute Lande Armagnac | ||||
Postcode | 40120 | ||||
Gemengecode | 40014 | ||||
Koordinaten | 44° 03’ 40’’ N 00° 21’ 01’’ W | ||||
Fläch | 4.811 ha | ||||
Bevëlkerung | 299 (2007) |
Arue (op Okzitanesch: Arua) ass eng franséisch Gemeng am Departement Landes an der Regioun Nei-Aquitaine.
Geographie
D'Gemeng läit matzen an de Bëscher vun de Landes.
Nopeschgemengen
Hydrographie
Duerch d'Gemeng lafen den Estampon an d'Gouaneyre zwéin Nieweflëss vun der Douze.
Verkéier
Fréier war d'Gemeng un d'Schinnennetz duerch d'Schmuelspuerbunn Roquefort - Lencouacq-Jourets ugeschloss. Zu Arue steet dovun nach déi eenzeg gutt erhale Gare vun der Streck.
Kuckeswäertes
- D'Kierch Saint-Clair zu Arue
- D'Kierch Saint-Pierre du Ginx aus dem 12. Joerhonnert.
- De klenge landwirtschaftleche Musée mat vill Handwierksgeschier. (fräi Entrée)