Astronomescht Joerbuch

Zwou Säite vum Joer 2002 aus dem Nautical Almanac publizéiert vum U.S. Naval Observatory

En Astronomescht Joerbuch ass e Buch, dat all Joer nei publizéiert gëtt. An dësem Buch stinn all astronomesch Ereegnesser an Daten iwwer Planéite- resp. Stäreplaze mat hirem zäitleche Verlaf opgelëscht.

Inhalt

Bei dësen Ephemeride vun de wichtegsten Himmelskierper riicht sech d'Längt a Genauegkeet vun de jeeweilegen Tabellen nom Zweck an no der gewënschter Effizienz beim Interpoléieren tëscht de Kolonnen oder Zeilen. De wichtegste Parameter ass heibäi den Tafelintervall, dee gewéinlech

Astronomesch Joerbicher (engl. och en:Almanac) kënnen international ausgeluecht sinn (z. B. fir d'wëssenschaftlech Astrometrie) oder fir eng bestëmmt Regioun (virun allem fir Amateurastronomen).

Nieft den tabellareschen Daten huet en astronomescht Joerbuch meeschtens och Daten iwwer Däischterten (Äerdmound-, Sonn) an iwwer Stärebedeckungen (duerch Äerdmound a Planéiten), eng Aféierung an déi wëssenschaftlech Grondlagen an dacks och Observéierungshiweiser – besonnesch fir rar Phenomeener.

Verbreet astronomesch Joerbicher

Professionell Astronomie

  • Nautical Almanac International, fir d'astronomesch Navigatioun a fir no astro-geodätesch Berechnungen (Himmelsplazen op 0,1′ Genauegkeet)
  • Astronomical Almanac – zanter 1960 dat offiziellt Joerbuch vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) an IUGG
  • Astronomisch-Geodätisches Jahrbuch („Heidelberger Jahrbuch“, bis 1959) mat engem Schwéierpunkt fir d'Geodesie
  • Connaissance des temps, Frankräich, kënnt zanter 1679 eraus
  • Astronomitscheski Jeschegodnik, Rußland, kënnt zanter 1921 eraus

Amateurastronomie

  • Kosmos Himmelsjahr, Kosmos-Verlag
  • Der Sternenhimmel (an der Schwäiz als „Naef“ bekannt), Kosmos-Verlag
  • Österreichischer Himmelskalender, Astronomesche Büro Wien
  • Kalender für Sternfreunde (DDR 1948–1990), Kuerzbezeechnung Ahnert, haut als Ahnerts Astronomisches Jahrbuch am SuW-Verlag Heidelberg.

Kuckt och

Um Spaweck