Auguste Lumière
Auguste Lumière | |
---|---|
Gebuertsnumm | Auguste Marie Louis Nicolas Lumière |
Gebuer |
19. Oktober 1862 Besançon |
Gestuerwen |
10. Abrëll 1954 Lyon |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Erfinder, Ingenieur, Biolog, Filmregisseur, Regisseur |
Famill | |
Kanner | Henri Lumière |
Den Auguste Marie Louis Nicolas Lumière, gebuer den 19. Oktober 1862 zu Besançon, a gestuerwen den 10. Abrëll 1954 zu Lyon, war e franséischen Erfinder an Entreprener. Mat sengem Brudder Louis huet hien de Cinematograph entwéckelt, en Apparat, deen als Kamera an als Projekter benotzt konnt ginn, an deen de Kino erméiglecht huet. Dem Auguste Lumière säin Haaptintressi louch awer an der biomedezinescher Fuerschung.
No sengem Militärdéngscht huet den Auguste Lumière sengem Papp, dee Fotograf war, gehollef, eng Firma opzebauen, fir Fotoplacken a -pabeier ze produzéieren, d'Société anonyme des plaques et papiers photographiques Antoine Lumière et ses fils, kuerz Société Lumière.
Nom Éischte Weltkrich huet den Auguste Lumière d'Firma verlooss an d'Laboratoires Lumière gegrënnt, e biomedezinesche Fuerschungszentrum a Pharma-Entreprise.
D'Erfindung vum Cinematograph schéngt fir de Lumière éischter niewesächlech gewiescht ze sinn, a senge Memoirë steet erstaunlech wéineg driwwer.
No him genannt
Lëtzebuerg
Fir un den Auguste Lumière z'erënneren, huet de Stater Schäfferot de 15. Abrëll 1954 decidéiert um Verluerekascht an der Stad Lëtzebuerg eng Strooss no him ze nennen: d'Rue Auguste Lumière leeft vun der Rue du Laboratoire bis bei d'Rue Lavoisier[1].
Literatur
- Auguste Lumière: Mes travaux et mes jours. La Colombe, Paris 1953.
Um Spaweck
Commons: Auguste Lumière – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Ausgesi vun de Referenzen
- ↑ Archives Ville de Luxembourg. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt de(n) 24.10.2024.