Auray

Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Auray
Vue op den Hafen

Vue op den Hafen
Vue op den Hafen
Land Frankräich
Regioun Bretagne
Departement Morbihan
Arrondissement Lorient
Kanton Auray
Postcode 56400
Gemengecode 56007
Koordinaten 47° 40’ 07’’ N
      02° 58’ 53’’ W
Fläch  691 ha
Bevëlkerung  10 911 (1999)
D'Bréck déi den Hafe mat Auray verbënnt

Bis am Fréijoer 2006 war Auray Ville d'art et d'histoire klasséiert. Gréisser Nopeschuertschafte si Crac'h, Brech a Pluneret.

Geschicht

  • D'Schluecht vun Auray den 29. September 1364 war déi lescht am Bretoneschen Ierffollegkrich
  • 1632 si Séileit vum Hafe vu Saint-Goustan, fortgefuer fir Port-Royal an Akadien zeréck z'erueweren.
  • De Benjamin Franklin lant am Hafe vun Auray, wéi hien an der Zäit vum Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich, a Frankräich koum, fir bei dem Louis XVI. militäresch Hëllef ze froen.
  • Am Zweete Weltkrich war d'Gare vun Auray eng strateegesch Plaz, well all de Bëtong, fir de Bau vun de Blockhaiser op de Plagen an der Géigend, huet missen doriwwer lafen.
  • No dem Krich huet sech am Pi-park eng Schrottentreprise etabléiert, déi de Miltitärschrott gesammelt huet.

Jumelagen

Auray am Sport

  • Zanter 1985 organiséiert Auray all Joer en internationaalt Tennisturnéier den Open Super 12.
  • 2008 war zu Auray de 6. Juli d'Arrivée vun der zweeter Etapp vum Tour de France

Musek

  • D'Bagad Kevrenn Alre, vun Auray ass eng vun de bekanntste bretonesche Museksgruppen.

Kuckt och


Um Spaweck

Commons: Auray – Biller, Videoen oder Audiodateien