Bärel
![]() |
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Bärel | |
---|---|
![]() Kierch vu Bärel | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Berlé de: Berl |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Wolz |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Romain Schroeder |
Awunner | 134 |
1. Januar 2023 | |
Héicht | 491 m |
Koordinaten |
49° 57’ 08’’ N 05° 51’ 23’’ O |
![]() |
Bärel ass eng Uertschaft an der Gemeng Wanseler.
Geographie
Bärel läit op engem Héichplateau westlech vun der Nationalstrooss N15 tëscht dem Schumannseck an dem Pommerlach.
Geschicht
Bärel gouf am Dezember 1944 an am Januar 1945 wärend der Ardennenoffensiv am Zweete Weltkrich bal ganz zerstéiert. Wat zu där Zäit am Duerf geschitt ass a wéi et dozou koum, datt déi ganz Duerfgemeinschaft huet hir Uertschaft misse verloossen, huet de lëtzebuergeschen Auteur Albert Gricius an enger Erzielung festgehalen.[1]
Fir un déi schwéier Zäit z'erënneren, gouf bei der Kierch e Monument Duerf an der Front an der Kierchegaass opgeriicht. Donieft steet e Schiferblock mat enger Erënnerungsplack un déi 90. US Infantriedivisioun. Als Erënnerung un den Duerchmarsch vun den amerikaneschen Truppen op hirem Wee fir op Baaschtnech gouf op enger Kräizung am Duerf e Kilometersteen vun der Voie de la Liberté opgeriicht.
Literatur
- Gricius, Albert, 1991: Dorf in der Front. Bilder vom Untergang eines Öslinger Dorfes. É. Borschette, Christnach. Sankt-Paulus-Druckerei, Luxemburg, 115 S., 4. Oplo, ISBN 2-87982-019-7 [Originaleditioun: 1945]
Biller
-
Kilometerstee vun der Voie de la Liberté
-
Erënnerungsplack 90. US Infantriedivisioun
-
Monument Duerf an der Front
Kuckt och
- Kierch Bärel
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
Commons: Berlé – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
- ↑ Cf. Gricius 1991 an der Literatur.