Bertil Lindblad
Bertil Lindblad | |
---|---|
Gebuer | 26. November 1895 |
Gestuerwen |
25. Juni 1965 Saltsjöbaden |
Nationalitéit | Schweden |
Educatioun | Universitéit Uppsala |
Aktivitéit | Astronom |
Member vun | Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, International Astronomesch Unioun, National Academy of Sciences, Polnesch Akademie vun de Wëssenschaften |
Gielercher | Goldmedail vun der Royal Astronomical Society, Bruce Medail, Jules-Janssen-Präis, Janssen-Medail |
![]() |
De Bertil Lindblad, gebuer de 26. November 1895 zu Örebro, a gestuerwen de 25. Juni 1965 bei Saltsjöbaden, war e schweedeschen Astronom an Entwéckler vun der Dichtwellentheorie.
Vun 1927 un war hie Professer an Astronom vun der Kinneklech Schweedescher Akademie vun de Wëssenschaften an Direkter vum Observatoire Stockholm.
De Lindblad huet wichteg Bäiträg bei der Liichtkraaftbestëmmung vu Stäre geliwwert. Hien huet virun allem iwwer d'Rotatioun vun eiser Mëllechstrooss an iwwer den Opbau vun de Galaxië gefuerscht. 1925 huet hien d'Hypothes vun eiser Galaxiërotatioun opgestallt. Déi gouf am Joer 1927 vum Jan Hendrik Oort a senge Mataarbechter bestätegt.
Auszeechnungen
E Krater um Äerdmound ass no him genannt an huet den Numm Lindblad.
Kuckt och
- Lindblad-Resonanz