Côte d'Azur
D'Côte d'Azur ass de franséischen Deel vun der Mëttelmierküst deen am Westen duerch d'Stad Hyères an am Osten duerch d'Grenz mat Italie limitéiert gëtt. D'Côte d'Azur begräift d'Departementer Var, Alpes-Maritimes an den Territoire vu Monaco. De gudde Klima an d'Schéinheet vun der Natur hunn den Tourismus do staark begënschtegt. Nice gëtt als Haaptstad vun der Côte d'Azur betruecht. Vum Fluchhafe vun Nice aus sinn déi vill touristesch staark ausgebaute Stied gutt z'erreechen.
Touristenuertschaften op der Côte d'Azur (Auswiel)
- Antibes
- Cannes
- Cap d'Antibes
- Hyères
- Juan-les-Pins
- Menton
- Mandelieu
- Monte Carlo
- Nice
- Saint Raphaël
- Saint-Tropez
Um Spaweck
Commons: Côte d'Azur – Biller, Videoen oder Audiodateien |