Charles Thomas Kowal

Charles Thomas Kowal
Gebuer 8. November 1940
Buffalo
Gestuerwen 28. November 2011
Nationalitéit USA, Polen
Educatioun Universitéit vu Südkalifornien
Aktivitéit Astronom

Den Charles Thomas Kowal, gebuer den 8. November 1940, a gestuerwen den 28. November 2011, war en US-amerikaneschen Astronom, dee vill Mounde, Asteroiden an Koméiten entdeckt huet:

  • 1974 resp. 1975 d'Jupitermounde Leda an Themisto, woubäi den Themisto nees verluer goung an eréischt nees am Joer 2000 erëm fonnt ginn ass.
  • 1977 den ongewéinlechen Asteroid (2060) Chiron, bei deem et sech och ëm e Koméit handele kéint.
  • den Aten-Asteroid (2340) Hathor, d'Apollo-Asteroiden (1981) Midas, (2063) Bacchus, (2102) Tantalus an den (5660) 1974 MA, d'Amor-Asteroiden (4596) 1981 QB an den (4688) 1980 WF souwéi d'Trojaner (2241) Alcathous an den (2594) Acamas.
  • De Kowal war Eleng- resp. Matentdecker vun de Koméiten: 99P/Kowal, 104P/Kowal, 134P/Kowal-Vavrova, 143P/Kowal-Mrkos an 158P/Kowal-LINEAR (den Objet Chiron dréit zousätzlech d'Bezeechnung 95P/Chiron).
  • Hien huet och vill extragalaktesch Supernovaen entdeckt.
  • 1979 krut hien d'James-Craig-Watson Medail fir seng Entdeckungen.


Asteroidenentdeckungen: 19
(1876) Napolitania 31. Januar 1970
(1939) Loretta 17. Oktober 1974
(1981) Midas 6. Mäerz 1973
(2060) Chiron 18. Oktober 1977
(2063) Bacchus 24. Abrëll 1977
(2102) Tantalus 27. Dezember 1975
(2134) Dennispalm 24. Dezember 1976
(2241) Alcathous 22. November 1979
(2340) Hathor 22. Oktober 1976
(2594) Acamas 4. Oktober 1978
(2629) Rudra 13. September 1980
(3163) Randi 28. August 1981
(3924) Birch 11. Februar 1977 zesumme mam E. Bowell
(4312) 1978 WW11 29. November 1978 zesumme mam S. J. Bus
(4596) 1981 QB 28. August 1981
(4688) 1980 WF 29. November 1980
(5660) 1974 MA 26. Juni 1974
(24617) 1978 WU 29. November 1978 zesumme mam S. J. Bus
(73669) 1981 WL2 25. November 1981

Um Spaweck

Kuckt och

Portal Astronomie