Christian Poos

Christian Poos
Gebuer 5. November 1977
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler
Veräin/Ekipp Post Swiss
Huet matgemaach bei UCI Europe Tour 2016, UCI Europe Tour 2011, UCI Europe Tour 2010, UCI Europe Tour 2009

De Christian Poos, gebuer de 5. November 1977 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Vëlossportler.

1997 huet hie "Liège-Bastogne-Liège" fir Espoirë gewonnen a gouf dat Joer vun der Lëtzebuerger Sportpress zum Sportler vum Joer gewielt.

Vun 2000 bis 2001 war hie Profi bei "Post Swiss Team" a vun 2002 bis 2003 bei "Marlux - Ville de Charleroi", respektiv "Marlux - Wincor Nixdorf".

Hie war Lëtzebuerger Stroossemeeschter an de Joren 2001 an 2002. Am Joer 2006 ass et dem Christian Poos nach eng Kéier gelongen op de Podium ze kommen. Hie gouf zu Bierden den 2te bei der Elite sans contrat an dat hanner dem Pascal Triebel.

Palamarès

  • Tour de l'Avenir (opginn an der 9. Etapp)
    • 9. an der 6. Etapp vu Malbuisson op Pontarlier, Eenzelzäitfueren (28 km)

1999 (Nogent-Sur-Oise)

2000 (Post Swiss Team)

2001 (Post Swiss Team)

2002 (Marlux - Ville de Charleroi)

2003 (Marlux - Wincor Nixdorf)

Kuckt och

Virdrun   Sportler vum Joer   Duerno
Marc Girardelli 1997 Dan Dethier