Coatzacoalcos
Coatzacoalcos ass eng Hafestad am südlechen Deel vum mexikaneschen Deelstaat Veracruz de Ignacio de la Llave um Coatzacoalcos (Floss), an huet 230.700 Awunner.

Den Numm
Coatzacoalcos kënnt aus dem Nahuatl a bedeit, Plaz, wou d'Schlaang sech verstoppt.
Geographesches
D'Stad läit 18°09' nërdlech a 94°26' westlech.
Zesumme mat Las Choapas, Cosoleaque a Minatitlán ëmfaasst Coatzacoalcos eng Pëtrolsindustriezon mat 600.000 Awunner.
Geschichtleches
Coatzacoalcos war firt d'éischt vun den Olmeke bewunnt.
Triviales
D'Schauspillerin Salma Hayek ass zu Coatzacoalcos gebuer.