Departement Côte-d'Or

Côte-d'Or (21)
Regioun Bourgogne-Franche-Comté
Prefecture Dijon
Ënnerprefecture Beaune
Montbard
Bevëlkerung 506.755 Aw.(1999)
Fläch 8.763 km²
Arrondissementer 3
Kantonen 23
Gemengen 705
D'Côte-d'Or
Wéngerten an der Côte-d'Or

D'Departement Côte-d'Or (21) ass e franséischt Departement, an der Bourgogne-Franche-Comté. Säin Numm huet et net, wéi all déi aner Departementer, vun enger preziser geographescher Donnée (Floss, Bierger, Bëscher...), mä ass eng Kreatioun vum André-Rémy Arnoult, deen d'Wéngerte vun der Bourgogne, am Hierscht, sou beschriwwen huet.

Geschicht

D'Departement Côte-d'Or gouf zesumme mat 82 aneren Departementer ënner de Franséischer Revolutioun, de 4. Mäerz 1790 op Grondlag vum Gesetz vum 22. Dezember 1789 geschaf.

Geographie

D'Côte-d'Or ass en Deel vun der Regioun Bourgogne-Franche-Comté; a grenzt un d'Departementer Yonne, Nièvre, Saône-et-Loire, Jura, Haute-Saône, Aube an Haute-Marne. Am Südwesten huet d'Côte-d'Or eng Exklav déi tëschent den Departementer Saône-et-Loire an Nièvre läit (vgl. d'Kaart op dëser Säit!).

An der Côte d'Or ass d'Waasserscheed vun der Bourgogne tëscht de Basenge vun der Seine, dem Rhône, der Saône an der Loire.

Nieweflëss dovun, déi duerch d'Departement fléisse sinn:

  • d'Armançon an d'Aube, déi an d'Seine lafen.
  • den Arroux, deen an d'Loire leeft;
  • d'Saône, Haaptzoufloss vum Rhône, deen duerch Auxonne, Saint-Jean-de-Losne a Seurre leeft.
  • d'Ouche, en Niewefloss vun der Saône, leeft duerch Dijon.

Et gëtt, nieft de faméise "Côten" (Côte de Nuits a Côte de Beaune) tëschent Dijon a Beaune, 4 Haaptgéigenden:

  • de Morvan am Südwesten,
  • de Plateau vu Langres am Norden,
  • d'Plaine vun der Saône am Osten
  • den Auxois-Châtillonais am Nordwesten.

Demographie

D'Awunner vun der Côte-d'Or ginn op Franséisch Côte-d'Oriens genannt, heiansdo och Costaloriens.

Literatur

  • Adolphe Joanne, Géographie, histoire, statistique et archéologie de la Côte-d'Or; 1869; 144 Säiten (ill.); Nodrock 2005. ISBN 27455 0314 6

Kuckeswäertes

  • D'Graf vu Vix a säi Krater, och Vase de Vix genannt, aus der Eisenzäit.
  • Alésia
  • D'Château de la Rochepot
  • D'Hospices de Beaune
  • D'Route des Grands Crus tëscht Dijon a Santenay.
  • D'Stad Dijon
  • Semur-en-Auxois
  • Auxonne mat sengem Arsenal.
D'Hospices de Beaune

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Côte-d'Or – Biller, Videoen oder Audiodateien