Departement Indre

Indre (36)
Regioun Centre-Val de Loire
Prefecture Châteauroux
Ënnerprefecture Le Blanc
La Châtre
Issoudun
Bevëlkerung 232.000 Aw.(2006)
Fläch 6.903 km²
Arrondissementer 4
Kantonen 26
Gemengen 247

D'Departement Indre (36) ass e franséischt Departement, an der Regioun Centre. Säin Numm huet et vun der Indre, engem Niewefloss vun der Loire.

Geschicht

D'Departement Indre gouf zesumme mat 82 aneren Departementer ënner de Franséischer Revolutioun, de 4. Mäerz 1790 op Grondlag vum Gesetz vum 22. Dezember 1789 geschaf. Et setzt sech zesummen aus engem Deel vun der Provënz Berry, a verschiddnen Territoire vum Poitou, der Marche an der Touraine.

Geographie

D'Indre forméiert zesumme mat sengem Nopeschdepartement Cher déi al Provënz Berry.

D'Departement deelt sech op a sechs grouss Regiounen:

  • De Boischaut-Nord - Pays de Valençay
  • D'Brenne - Pays des Mille Étangs
  • Châteauroux an de Val de l'Indre
  • Issoudun an d'Champagne Berrichonne
  • De Boischaut-Sud - Pays de George Sand
  • Argenton - Éguzon - De Val de Creuse

Kuckeswäertes

Am Departement Indre gëtt et net manner wéi 80 romanesch Kierchen, 100 Schlässer an Haiser déi aus dem Mëttelalter stamen.

  • Saint-Benoît-du-Sault
  • D'Schlass vu Sarzay
  • D'Mille vun Angibault
  • De Festival des Maîtres-Sonneurs zu Saint-Chartier, Mëtt Juli

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Departement Indre – Biller, Videoen oder Audiodateien