Donkeyboy
Donkeyboy | |
---|---|
D'Grupp um "Grillfest" zu Oslo am Joer 2009 | |
Museksgenre | Pop, Indie-Pop |
Land | Norwegen |
Grënnung | 2005 |
Websäit | donkeyboymusic.no |
Aktuell Memberen |
Cato Sundberg (Gesank, Rhythmusgittar) Kent Sundberg (Synthesizer, Chouer) Peter Michelsen (Gittar, Chouer) Thomas Drabløs (Batterie) |
Fréier Memberen | Alexander Garborg Ågedal (Bass) |
Donkeyboy ass eng norwegesch Pop-Band vun Drammen, déi 2005 gegrënnt gouf.
Bandgeschicht
Donkeyboy gouf Ufank 2009 vum Plackelabel Warner Music Norway ënner Vertrag geholl, nodeem en Employé vun der Firma hir Musek um Internetsite MySpace entdeckt hat. Hir éischt Single Ambitions gouf de 26. Mäerz 2009 verëffentlecht, an huet sech direkt op déi 7. Plaz vun den norwegesche Single Charts placéiert. An der 13. Woch, am Juni, huet se d'Spëtzt vun den Charts erreecht an huet déi Positioun 13 Woche laang (mat enger Ënnerbriechung) agehalen. Donkeyboy huet sech schlussendlech selwer als Nummer 1 ofgeléist, well hir zweet Single Sometimes am September Ambitions iwwerholl huet. Och dat Lidd huet sech 8 Woche laang un der Spëtzt gehalen.
Der Band hiren éischten Album Caught in a Life koum den 19. Oktober 2009 eraus. Am November si se mat der Band a-ha an Norwegen an a Groussbritannien op Tour gaangen.
Am Februar 2010 huet Ambitions och déi éischt Plaz an de schweedesche Single Charts erreecht.
2011 ass d'Grupp mam European Border Breakers Award ausgezeechent ginn. 2012 ass hiren zweeten Album Silver Moon erauskomm, vun deem déi éischt Singleauskopplung City Boy et op déi éischt Plaz an den norwegeschen an den däneschen Charts gepackt huet.
Discographie
Albumen
Joer | Album | Maximal Chartpositioun[1] | ||
---|---|---|---|---|
NOR | SWE | DAN | ||
2009 | "Caught in a Life" | 1 | 6 | — |
2012 | "Silver Moon" | 2 | — | 35 |
2016 | "Lost" | 17 | — | — |
Singelen
Joer | Lidd | Maximal Chartpositioun | Album | |||
---|---|---|---|---|---|---|
NOR[2] | SWE[3] | DAN[4] | FIN[5] | |||
2009 | "Ambitions" | 1 | 1 | — | — | Caught in a Life |
"Sometimes" | 1 | — | — | — | ||
"Broke My Eyes" | 6 | — | — | — | ||
"Awake" | 8 | — | — | — | ||
"Blade Running" | 8 | — | — | — | ||
2010 | "Stereolife" | — | — | — | — | |
2011 | "City Boy" | 1 | — | 1 | 7 | Silver Moon |
2012 | "Pull of the Eye" | 11 | — | — | — | |
"Silver Moon (Bassflow Remakes)" | — | — | — | — | ||
2013 | "Triggerfinger" | — | — | — | 9 | Lost |
2014 | "Crazy Something Normal" | 13 | — | — | — | |
"Hero" | — | — | — | — | ||
2015 | "Downtown" | 18 | — | — | 9 | |
"Lost" | 36 | — | — | — | ||
2016 | "Dollar" | — | — | — | — | |
2017 | "Kaleidoscope" | — | — | — | — | / |
2018 | "It'll Be Alright" | — | — | — | — | / |
2019 | "Think You Should" (feat. Linnea Dale) | — | — | — | — | / |
2020 | "Kentucky" | — | — | — | — | / |
Um Spaweck
Commons: Donkeyboy – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Presentatioun vun der Band op der däitscher Websäit vu Warner Music
- oljo.de: Mega Chart Hit aus Norwegen: Donkeyboy mit Ambitions (10 Wochen op der 1. Plaz)
- rocktober-finnsnes.no: Donkeyboy
Referenzen
- ↑ swedishcharts.com (Album)
- ↑ norwegiancharts.com (Singles)
- ↑ swedishcharts.com (Singles)
- ↑ danishcharts.com (Singles) Archivéiert de(n) 11.03.2016. Gekuckt de(n) 20.06.2012.
- ↑ finnishcharts.com (Singles)