Eisebunnsstreck Commentry - Gannat
Linnennummer | 707000 |
---|---|
Besëtzer | SNCF |
Bedreiwer | SNCF |
Technesch Donnéeën | |
Längt | 54 km |
Gréisst Steigung | 15 ‰ |
D'Eisebunnsstreck Commentry - Gannat gouf tëscht 1865 an 1871 an der Auvergne gebaut. Si féiert vu Commentry am Südweste vum Departement Allier op Gannat am Südosten. Bis op e puer Kilometer op der Héicht vu Lapeyrouse, (63), leeft se ganzen Zäit am Allier.
Uertschaften op der Streck
- Commentry - Gannat - Saint-Bonnet-de-Rochefort - Bègues - Louroux-de-Bouble - Coutansouze - Mazerier
Brécken op der Streck
Pk | Numm | Baujoer | Koordinaten | Héicht (m) | Längt (m) |
---|---|---|---|---|---|
348,00 | Viaduc du Soleil (Viaduc de Colombier) |
46° 16’ 03.99’’ N 02° 49’ 39.84’’ O | 30,00 | 189,60 | |
348,89 | Viaduc des Baladiers | 46° 15’ 41.37’’ N 02° 50’ 06.32’’ O | 18,00 | 97,30 | |
365,00 | Viaduc de la Bouble | 1871 | 46° 13’ 26.29’’ N 02° 56’ 49.69’’ O | 300,00 | 57,50 |
369,70 | Viaduc du Bellon | 1869 | |||
Viaduc de Lapeyrière | 1869 | ||||
387,50 | Viaduc de Rouzat | 1869 | |||
389,50 | Viaduc de Neuvial | 1868 |
De Chefingenieur war de Wilhelm Nördling an de Baumeeschter war d'Eisebunnsgesellschaft vum Paris-Orléans.
D'Streck huet eng Totallängt vun 52,614 km. Et gëtt 6 Tunnellen op der Streck mat enger Totallängt vun 1.133 m, an déi 7 Brécke moossen zesummen an der Längt 1.379 m.
Chronologie
- De 17. Oktober 1854 krut d'Eisebunnsgesellschaft Grand Central eng Konzessioun fir d'Deelstreck Montluçon-Commentry.
- Den 19. Juni 1857 gëtt dës Konzessioun un de Paris-Orléans iwwerschriwwen.
- De 7. November 1859 geet d'Streck vu Montluçon bis op Commentry fir de Verkéier op.
- De 6. Juli 1863 kritt de Paris-Orléans d'Konzessioun fir bis op Gannat weiderzebauen, an d'Aarbechte fänken 1868 un.
- 1870 gi wéinst dem Franséisch-Preisesche Krich d'Aarbechten ënnerbrach an eréischt 1871 erëm weidergefouert.
- Den 19. Juni 1871 gëtt d'Streck ageweit.
Bicher an deene vun der Streck rieds geet
- Bernard Marrey: Les ponts modernes - 18e et 19e siècles (1. Editioun), Picard Editeur, Paräis; op der Säit 212.
- Marcel Prade: Ponts et viaducs au XIXème siècle, (1988); Säit 277-280.
- Marcel Prade: Les ponts monuments historiques, Éditions Brissaud, Poitiers (1988); Säit 43-44.
- Klaus Stiglat: Brücken am Weg, Ernst & Sohn, Berlin (1997); Säit 82-86.