Eneco Tour
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/0a/Eneco-Tour_C%C3%B4te_de_Wanne_2007.jpg/400px-Eneco-Tour_C%C3%B4te_de_Wanne_2007.jpg)
Den Eneco Tour ass eng Etappecourse mam Vëlo déi an Holland an an der Belsch gefuer gëtt.
Fir déi éischt Oplo vum UCI ProTour am Joer 2005, war ufanks virgesinn fir e Benelux Tour z'organiséieren deen d'Etappecourse Ronde van Nederland, Tour de Belgique an Tour de Luxembourg ersëtze soll. Aus deem Projet ass awer näischt ginn. Et ass schliisslech e sougenannte Benelux Tour gefuer ginn, deen net duerch Lëtzebuerg gaangen ass. Den Tour de Belgique an den Tour de Luxembourg sinn als eegestänneg Course bestoe bliwwen.
Virun 2005 ass schonn an Holland ënner der Bezeechnung Eneco Tour d'Etappecourse Ronde Van Nederland gefuer ginn.
Zanter 2005 gehéiert den aktuellen Eneco Tour zu der Serie vum UCI ProTour.
D'Gewënner
2005: Bobby Julich | ![]() |
2006: Stefan Schumacher | ![]() |
2007: José Iván Gutiérrez | ![]() |
2008: José Iván Gutiérrez | ![]() |
2009: Edvald Boasson Hagen | ![]() |
2010: Tony Martin | ![]() |
2011: Edvald Boasson Hagen | ![]() |
2012: Lars Boom | ![]() |
2013: Zdeněk Štybar | ![]() |
2014: Tim Wellens | ![]() |
2015: Tim Wellens | ![]() |
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: ENECO Tour – Biller, Videoen oder Audiodateien |