Europafändel
Den Europafändel besteet aus engem Kranz vun zwielef gëllene fënnefzackege Stären, déi sech net beréieren an déi virun engem bloen (azurfaarwegen) Hannergrond duergestallt sinn.
Den Europafändel ass 1955 vum Europarot agefouert ginn. 1986 gouf e vun der Europäescher Unioun iwwerholl. Am Projet vun der Europäescher Verfassung gouf dëse Fändel als offiziellt Symbol vun der Europäescher Unioun festgehalen. Aus der Europäescher Verfassung ass awer näischt ginn, wëll Holland a Frankräich an hiren entspriechende Referenden dogéint gestëmmt hunn. Dowéinst huet den Europafändel och net den entspriechende Status kritt, deen an deem Projet virgesi war. Trotzdeem ass et sou datt de Fändel zu Lëtzebuerg, sou wéi an enger Rëtsch anere Länner als offiziellt Symbol benotzt gëtt, an zwar an deem Sënn datt Lëtzebuerg am Traité vu Lissabon déclaréiert huet den Europafändel als e Symbol vun der Zougehöregkeet zur Europäescher Unioun unzegesinn. Dat ass onofhängeg dovun, datt ënner anerem Frankräich a Groussbrittanien déi Declaratioun net ugeholl hunn.
Traditionell ass e Bild mat zwielef Stären d'Symbol vun der Vollkommenheet. Reng zoufälleg huet d'Zuel vun de Stären deemools, d. h. vun 1986 bis zur Erweiderung 1995, der Zuel vun den deemolege Memberstaate vun der Europäescher Unioun entsprach. D'Zuel vun de Stäre gouf zanterhier net méi geännert.
(Nei) Offiziell Symbolik
„Géint de bloen Himmel vun der westlecher Welt stellen d'Stären, d'Vollek vun Europa an engem Krees, dem Zeeche vun der Eenheet, duer. D'Zuel vun de Stären ass onverännerbar op zwielef festgesat. Dës Zuel versënnbildlecht d'Vollkommenheet an d'Vollständegkeet. Ewéi déi zwielef Zeeche vum Déierekrees d'gesamt Universum verkierperen, esou stellen déi zwielef gëlle Stären all d'Vëlker vun Europa duer, och déi, déi um Opbau vun Europa an der Eenheet esouwéi am Fridden nach keen Deel kënne sinn.“
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Europafändel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun. |