Fiat 500
Fiat 500, italieenesch Fiat Cinquecento, heeschen e puer Generatioune vu klengen Autoe vum Autosproduzent Fiat, déi net openeen opbauen. Déi éischt Generatioun hat e Frontmotor a gouf hannen ugedriwwen, déi zweet hat en Heckmotor dee mat Loft gekillt gouf. Déi méi nei Generatiounen hunn e waassergekillte Frontmotor a sinn och vir ugedriwwen.
Déi eeler Generatioune waren déi klengst an einfachst Modeller vun der Produktpalett a goufe vum Fiat 126 ofgeléist. De Fiat Cinquecento aus den 1990er Jore war eng kleng elegant Alternativ zum Fiat Panda, déi vum Fiat Seicento ofgeléist gouf, no deem 2007 den nächste Fiat 500 koum.
-
1. Generatioun: Fiat 500 „Topolino“ (1936–1957)
-
2. Generatioun: Fiat Nuova 500 (1957–1975)
-
3. Generatioun: Fiat Cinquecento (1992–1998)
-
4. Generatioun: Fiat 500 (zanter 2007)
-
Fiat 500L (zanter 2012)
-
Fiat 500X (zanter 2014)
Um Spaweck
Commons: Fiat 500 – Biller, Videoen oder Audiodateien |