Forsythia

Forsythien
Forsythia ×intermedia
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Iwwerofdeelung Somplanzen
Ofdeelung Asteriden
Uerdnung Lamiales
Famill Oleaceae
Wëssenschaftlechen Numm
Forsythia
Vahl
Bléien.

D'Forsythien (Forsythia) sinn eng Planzegattung bannent der Famill vun den Oleaceae. Et gëtt eng 13 Forsythia-Aarten, déi ursprénglech all, bis op eng, déi aus Südosteuropa kënnt, aus Asien kommen. D'Hybrid Forsythia ×intermedia (kuerz: Forsythie) ass eng Kräizung aus zwou Aarten a gëtt heefeg an temperéierte Klimagéigenden als Zierstrauch a Gäert a Parke geplanzt.

Dat Charakteristeschst un de Forsythie sinn hir knallgiel Bléien, déi am Fréijoer, nach virun de Blieder, erauskommen.

Systematik

D'Gattung Forsythia gouf 1804 vum Martin Vahl am Enumeratio Plantarum...., Band 1, S. 39, opgestallt. Typusaart ass Forsythia suspensa (Thunb.) Vahl. De Gattungsnumm Forsythia ass en Hommage un de brittesche kinnekeleche Gäertner William Forsyth.

D'Gattung Forsythia gehéiert zu der Tribus Forsythieae bannent der Famill Oleaceae.

Aarten

  • Forsythia europaea Degen & Bald. Balkan an Albanien a Kosovo.
  • Forsythia giraldiana Lingelsh. Nordwest-China.
  • Forsythia japonica Makino. Japan.
  • Forsythia likiangensis Ching & Feng ex P.Y.Bai. Südwest-China.
  • Forsythia mandschurica Uyeki. Nordost-China.
  • Forsythia mira M.C.Chang. Nord- an Zentral China.
  • Forsythia nakaii (Uyeki) T.B.Lee. Korea.
  • Forsythia ovata Nakai. Korea.
  • Forsythia suspensa (Thunb.) Vahl. Ost-an Zentral-China.
  • Forsythia togashii H.Hara. Japan (Shōdoshima).
  • Forsythia viridissima Lindley. EOst-China.
  • Forsythia ×intermedia - Forsythia de Paris

Literatur

  • M. Chang, L. Chiu, Z. Wei, P. S. Green: Forsythia. In: Z. Y. Wu, P. H. Raven (Hrsg.): Flora of China., Volume 15. Missouri Botanical Garden Press, St. Louis 1996, S. 279ff.

Um Spaweck

Commons: Forsythia – Biller, Videoen oder Audiodateien