Gabriel
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Virnumm Gabriel. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Gabriel (Homonymie). |
Gabriel | |
---|---|
Den Äerzengel Gabriel | |
Geschlecht | männleche Virnumm |
Namensdag | 29. September |
Ursprong | |
Sprooch | Hebräesch |
Genannt no | Äerzengel Gabriel |
Varianten | |
Spëtznumm | Gab, Gabb, Gabbes |
Anert Geschlecht | Gabriel(l)e, Gabriel(l)a |
Änleche Familljennumm | Gabriel |
Gabriel ass e männleche Virnumm an och e Familljennumm.
Ursprong a Bedeitung vum Numm
Gabriel (hebräesch: גַּבְרִיאֵל / Gavri'EL „Gott ass meng Stäerkt“ oder och „de Männlechen / de Staarken duerch Gott“) setzt sech aus den hebräesche Wierder Gavri (גברי) an EL ( אל) zesummen. Dat éischt bedeit esouvill wéi „Männlechkeet“ oder „männlech Stäerkt“ an dat zweet ass de Singular vum hebräeschen ELOHIM.
Namensdag
De Gabriel huet säin Namensdag den 29. September, als Referenz un de Äerzengel Gabriel.
Varianten an Ofkierzungen
Varianten am Lëtzebuergesche sinn: Gab, Gabb, Gabbes[1].
An anere Sprooche gëtt et eng sëllege Varianten, sou wéi och an hiren Diminutiv- oder Affektivformen, sou z B.: Gawril, Gavriel, Gavriil, Gavril, Gavrilo, Gavrile, Gavro, Gavrilă (an osteuropäeschen, orthodoxe Länner), Gábor (an Ungarn), Djibril resp. Cebrail (an arabesche Länner resp. der Tierkei), Gabriele (an Italien).
D'weiblech Forme sinn: Gabrielle, Gabriele, Gabriella, mat de Kuerzforme Gabi, Gaby.
Leit mam Numm Gabriel
Gabriel als Virnumm
- Gabriel Aghion, franséische Filmregisseur
- Gabriel Boisanté, lëtzebuergesche Schauspiller a Politiker
- Gabriel Boric, chileenesche Politiker
- Gabriel Daubrée, franséische Geolog
- Gabriel "Gab" Delleré, lëtzebuergesche Politiker
- Gabriel Fauré, franséische Komponist
- Gabriel Gabrio, franséische Schauspiller
- Gabriel García Márquez, kolumbianesche Journalist
- Gabriel Lippmann, franséische Physiker an Erfinder
- Gabriel de Marie, lëtzebuergeschen Händler a Politiker
- Gabriel Mayer, lëtzebuergesch franséischen Entreprener
- Gabriel Vasconcelos Ferreira, brasilianesche Foussballspiller
- Gabriel "Gab" Weis, lëtzebuergeschen Zeechner
Gabriel als Familljennumm
- Peter Gabriel, brittesche Museker
- Gunter Gabriel, däitsche Sänger, Museker, Museksproduzent, Synchronspriecher an Tëleesmoderator
Kuckt och
- De Familljennumm Gabriel
- Gabriele - Gabrielle - Gabriella - Gabriela
Um Spaweck
Commons: Virnumm Gabriel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: Familljennumm Gabriel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
- ↑ Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch - Virnimm. www.actioun-letzebuergesch.lu. Gekuckt de(n) 18.10.2023.