Gare Leideleng

Gare Leideleng
Loftbild vun der Leidelenger Gare, a Richtung Lëtzebuerg gekuckt.
ass eng Gare
Status am Gebrauch
genannt no Leideleng
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Leideleng
Uertschaft Leideleng-Gare
Koordinaten 49°35'13"N, 6°3'33"O
Héicht i. M. 316 m
Reseau
Statiounscode Ld
Bedreiwer CFL
Reseau CFL-Zuchreseau
Linn(en) CFL-Linn 7
P.K. 6,1 km
Gleiser mat Quai 2
Passagéier/Joer 70.640
  (2022)
Nopeschstatioun(en) Gare Hollerech,
Gare Dippech-Reckeng
Websäit https://www.cfl.lu/fr-FR/network/station/Gare-de-Leudelange
Lag vun der Gare Leideleng
Aalt Voyageurs-Gebai vun der Leidelenger Gare

D'Gare vu Leideleng ass eng Gare op der Eisebunnsstreck Péiteng - Lëtzebuerg, tëscht der Gare Hollerech an der Gare Dippech-Reckeng vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit um Lieu-dit Leidelenger Gare, an der Gemeng Leideleng.

Beschreiwung

An der Gare halen d'Zich (Regionalbunn) vun der CFL-Linn Lëtzebuerg - Nidderkäerjeng-Suessem - Péiteng - Rodange, wou d'Linn sech da spléckt an op Attem an der Belsch oder op Lonkech a Frankräich viru leeft.

De 16. Juli 2008 gouf déi nei Ënnerféierung vum CR163 ënnert der Eisebunnslinn duerch e 84 Meter laangen Tunnel a Betrib geholl a gläichzäiteg d'Barriär PN 6 ofgeschaaft.

D'Gare zu Leideleng huet e gratis Park & Rail-Parking mat 68 Parkplazen a 4 speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.[1]

Den 13. Juni 2022 gouf virgeschloen, dat aalt Voyageurs-Gebai als national Kulturierfschaft ze klasséieren.[2]

Geschicht

D'Leidelenger Gare ass den 8. August 1900, zesumme mat der Ouverture vun der Streck vu Lëtzebuerg op Péiteng opgaangen, déi vum „Prënz“, der Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri, kuerz PH, bedriwwe gouf. Déi offiziell Aweiung war e Mount méi spéit, de 7. September 1900.

Wéi am Joer 1895 d'Pläng vun der neier Streck an d'Lag vun der Gare bekannt gemaach goufen, huet de Leidelenger Gemengerot reklaméiert, well déi geplangt Gare a sengen Aen ze wäit vum Duerfkär ewech leie géif. Als Alternativ gouf proposéiert, se am Flouer Pëssendall ze bauen. Et goufen och Reklamatioune vun anere Säiten an de Süddeputéierte Léon Metz huet de 5. November 1895 eng Proposition de loi mat enger Streckenännerung an der Chamber deposéiert. An hirer Sëtzung vum 11. Februar 1896 huet d'Chamber awer decidéiert, déi ursprénglech Pläng bäizebehalen[3].

Chef de Garen zu Leideleng
Vu(n) Bis Chef de Gare
(1909) 1910 Ernest Bailleux
1911 1913 G. Weidig
1914 1916 Mart. Stoffel
1917 1919 J. Weinachter
1920 1924 F. Warker
1925 1926 E. Gaasch
1927 1940 B. Brucher
1946 1959 Michel Melsen
1959 1965 Roger Herman

Zuchaccidenter zu Leideleng

  • 28. Dezember 1920: E Persounenzuch, dee vu Péiteng koum, kollidéiert an der Gare vu Leideleng mat engem Gidderzuch, dee vun Hollerech koum. Déi zwou Lokomotive sinn ëmgefall, ee Maschinist ass dout, 5 Eisebunner gi schwéier verwonnt, 5 anerer méi liicht. 4 Leit aus dem Persounenzuch hu Quëtschungen.
  • 24. Oktober 1980: Zwéin Aarbechter déi am Gaang ware Bordürssteng an der Gare ze verleeën, koumen net mat Zäit aus de Féiss wéi en Zuch aus Richtung Péiteng an d'Gare gefuer koum. Se goufe vum Zuch ugestouss a waren op der Plaz dout.[4]

Trivia

Am Joer 1962 krut d'Gare Leideleng de „Grousse Präis“ am Concours vun de schéinste Blummendekoratiounen an de Garen[5]; zwee Joer virun hat d'Gare en Éierepräis kritt[6].

Zich déi an der Gare halen

(Stand: Februar 2025)

Linn Lëtzebuerg ↔ Rodange ↔ Attem

Aller

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Hollerech   RB   Dippech-Reckeng Attem

Retour

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Attem Dippech-Reckeng   RB   Hollerech Lëtzebuerg

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Gare Leideleng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. (fr)CFL | Leudelenge. www.cfl.lu. Gekuckt de(n) 01.02.2025.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 31. Januar 2025).
  3. (fr)Arrêté grand-ducal du 28 mars 1896, déterminant le tracé de la ligne de chemin de fer de Luxembourg à Pétange. data.legilux.public.lu (28.03.1896). Gekuckt de(n) 08.03.2025.
  4. (de)Zwei Arbeiter von Zug erfaßt und getötet.. Luxemburger Wort, 133. Jg., n° 247, p. 6. (25.10.1980). Gekuckt de(n) 08.03.2025.
  5. (de)STADT LUXEMBURG.. Luxemburger Wort, 115. Jg., n° 3, p. 5. (03.01.1962). Gekuckt de(n) 08.03.2025.
  6. (de)STADT LUXEMBURG. Luxemburger Wort, 113. Jg., n° 20, p. 4. (20.01.1960). Gekuckt de(n) 08.02.2025.
  • Quell vum Kapitel „Geschicht“, wou net anescht uginn: Klein, Arthur, and Amis de la ligne de chemin de fer de l’Attert. 100 Jahre Eisenbahnstrecke Luxemburg-Petingen: direkte Eisenbahnverbindung Luxemburg-Longwy (Paris) über Dippach-Reckingen. Grass-Kleinbettingen: D’Frënn vun der Atertlinn, 2000. Print. (S. 138-147)