Gemeng Ëlwen

Gemeng Ëlwen
d'Märei vun Ëlwen
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Troisvierges
de: Ulflingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Klierf
Chef-lieu Ëlwen
Buergermeeschter Édouard Mertens
Awunner 3.513
  1. Januar 2023
Fläch 3.786 ha
Héicht 472 m
Koordinaten 50° 7’ 14’’ N
      5° 59’ 56’’ O
LAU-Code LU0504
Websäit http://www.troisvierges.lu/

D'Gemeng Ëlwen ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Klierf. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Ëlwen vun där se och hiren Numm huet.

Geographie

Ëlwen läit am Nord-Weste vum Land op den Éisleker Plateauen. Et ass déi nërdlechst Gemeng aus dem Grand-Duché. Am Norden, Nordosten a Westen stéisst se un d'Belsch, am Südosten un d'Gemeng Wäiswampech an am Süden un d'Gemeng Wëntger. An der Gemeng leien déi zwou héchste Koppen aus dem Land, d'Buergplaz an Op Kneiff.

Den nërdlechste Punkt vum Land läit an der Ëlwener Gemeng op 50° 10’ 58’’ N 06° 01’ 29’’ O.

Uertschaften an der Gemeng

Zu der Gemeng Ëlwen gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:

Hydrographie

Duerch Ëlwen leeft d'Wolz déi hir Quelle bei Huldang huet.

Aner Baachen um Territoire vun der Gemeng sinn:

Geschicht

Bis den 28. Dezember 1908 huet d'Gemeng Kierchen ((fr) Basbellain) geheescht. Mat engem Gesetz vun deem Dag gouf de Sëtz vun der Gemeng op Ëlwen transferéiert an d'Gemeng gouf deementspriechend ëmgedeeft[2]. Duerch Gesetz vum 20. Juli 1925 gouf d'Sektioun Biwesch vun der deemoleger Gemeng Aasselbuer ofgetrennt, an ass bei d'Gemeng Ëlwen derbäikomm[3].

Bei der Grënnung vun der neier Gemeng Wëntger (1977) koume 7,88 ha aus der Sektioun B vun Aasselbuer bei d'Gemeng Ëlwen[4].

Wopen

Beschreiwung am Originaltext:

D'or à la montagne à trois coupeaux, celui du milieu plus élevé, chargé d'une roue motrice de locomotive posée sur un rail, le tout d'argent, ladite montagne sommée d'une croix patriarcale de gueules ornée de sept besants d'argent, au chef de gueules chargé de trois vierges d'argent, rangées en fasce.
D.C. 27. September 1982 - A.M. 3. November 1982 - Mémorial B 1982, Säit 945 - Projet: Marcel Lenertz 1982.

Entwécklung vun der Awunnerzuel

Quell:STATEC

Politik

Ëlwen war bis d'Gemengewale vun 2011 nach mat, eng Majorzgemeng. Well se 2017 iwwer 3000 Awunner hat, gëtt de Gemengerot zanterhier nom Proporzsystem gewielt.

No de Wale vun 2017 bestoung eng CSV-EBL-Koalitioun; zanter 2023 ass et eng aus der Ëlwener Bierger Lëscht (ËBL) mat der Oppe Lëst Ëlwen (OBL)

Zesummesetzung

Joer CSV ËBL OLE
2017 4 7
2023 7 3

ËBL: Ëlwener Bierger Lëscht | OBL: Oppe Lëst Ëlwen
Quell: elections.lu

Buergermeeschteren

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • ...
  • ... - 2011: Lucien Majerus
  • zanter 2011: Edy Mertens (Biergerlëscht/DP)

Kulturelles

Kuckeswäertes

Bekannt Leit aus der Gemeng

Interkommunal Syndikater

D'Gemeng Ëlwen ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Jumelagen

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Ëlwen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. D'Nimm Ufflange an Trois-Vierges oder och Trois Vierges waren am 19. Joerhonnert nach a Gebrauch. Cf. S. 472 an: L'Évêque de la Basse-Moûturie, Louis, 1844. Itinéraire du Luxembourg germanique, ou voyage historique et pittoresque dans le Grand-Duché. 500 p. V. Hoffmann, Luxembourg.
  2. Loi du 28 décembre 1908 transférant le chef-lieu de la commune de Basbellain à Troisvierges op legilux.lu, gekuckt den 2. Juni 2020
  3. Loi du 20 juillet 1925 concernant le rattachement de la section de Biwisch à la commune de Troisvierges op legilux.lu, gekuckt den 2. Juni 2020
  4. Loi du 31 octobre 1977 portant fusion des communes de Asselborn, Boevange/Clervaux, Hachiville et Oberwampach op legilux.lu, gekuckt den 2. Juni 2020