Gemeng Koplescht
Gemeng Koplescht | |
---|---|
![]() | |
![]() d'Gemengenhaus vu Koplescht | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Kopstal de: Kopstal |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Capellen |
Chef-lieu | Koplescht |
Buergermeeschter | Thierry Schuman |
Awunner | 4.501 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 7,90 km² |
Héicht | 261 m |
Koordinaten |
49° 39’ 51’’ N 6° 4’ 19’’ O |
LAU-Code | LU0107 |
Websäit | https://www.kopstal.lu/ |
![]() | |
![]() | |
D'Gemeng Koplescht ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Capellen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Koplescht vun där se och hiren Numm huet.
Uertschaften an der Gemeng
Zu der Gemeng Koplescht gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:
Geographie
D'Gemeng Koplescht läit am Kanton Capellen. Si mécht d'Grenz zu Kielen am Norden a Westen, zu Steesel a Walfer am Osten, zu der Stad Lëtzebuerg a Stroossen am Süden. D'Uertschaft Koplescht läit un der Mamer.
Geschicht
D'Gemeng Koplescht ass wéi déi meescht aner Gemengen zu Lëtzebuerg um Enn vum 18. Joerhonnert entstanen, gouf awer Enn 1823 schonn nees opgeléist. Duerno hunn déi Uertschafte bis 1853 inklusiv zur Gemeng Kielen gehéiert. 1854 ass d'Gemeng Koplescht nees nei gegrënnt ginn.
Entwécklung vun der Awunnerzuel
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/lb/timeline/b3j7m5lee7lk4dgshdtkq9970p0wsg6.png)
Quell:STATEC
Politik
De Gemengerot vu Koplescht gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.
Zesummesetzung
Joer | CSV | DP | gréng | ÄE | BL | BfB |
---|---|---|---|---|---|---|
1999 | 2 | 4 | 1 | 4 | - | - |
2005 | 2 | 3 | 2 | 4 | - | - |
2011 | 3 | 3 | 2 | 3 | - | - |
2017 | 4 | 3 | - | 4 | - | - |
2023 | 4 | 2 | - | 2 | 3 | 0 |
* ÄE: Är Equipe; BL: Biergerlëscht; BfB: Bierger fir Bierger
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Buergermeeschteren
- 1808 - 1822: Martin Weiss[1]
- 1853-: Wilibrord Steinmetz[2]
- ...
- 1873 - 1912: Nicolas Goedert[3]
- ...
- 1946: Paul Binsfeld[4]
- ...
- 1954 - 1981: Robert Bintener[5]
- 1981 - 1987: Jean Ewen
- 1988 - 2005: Josette Steichen-Rausch
- 2005 - 2010: Guy Linster
- 2010 - 2017: Romain Adam
- 2017 - 2020: Carlo Schmit
- zanter Nov. 2020: Thierry Schuman
Interkommunal Syndikater
D'Gemeng Koplescht ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
|
Kuckeswäertes
Literatur
- Jacoby, Lex: Das Herz von Kopstal, in: Musek Koplescht-Briddel: 100 Joer: 1904 - 2004. - Kopstal-Bridel: Fanfare ; [2005]. - P. 65-80, ill.
- Hermann Berg (Wilhelm Weis): Briefe eines Hinterwäldlers. (St. Paulus-Druckrei, Luxemburg)
- Koplescht – fréier an hott
Kuckt och
- Kopleschter Kierch
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Koplescht
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
Um Spaweck
Commons: Koplescht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- ↑ Quell: Koplescht - fréier an hott.
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 5 août 1853, N°510, portant nomination de deux bourgmestres. am Memorial N°61 vum 18. August 1853
- ↑ Opschrëft op sengem Graf zu Koplescht
- ↑ Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX Archivéiert de(n) 28.03.2016. Gekuckt de(n) 04.11.2015.
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 29. Mäerz 2012