Gemeng Rouspert
Rouspert | |
---|---|
![]() | |
![]() | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Rosport de: Rosport |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Iechternach |
Chef-lieu | Rouspert |
Awunner | 2.293 |
1. Januar 2017 | |
Fläch | 2.949 ha |
Héicht | 177 m |
Koordinaten |
49° 48’ 21’’ N 06° 30’ 13’’ O |
LAU-Code | LU1007 |
Websäit | http://www.rosport.lu |
![]() | |
D'fréier Gemeng Rouspert (orange) am Kanton Iechternach (rout) | |
D'Gemeng Rouspert war bis Enn 2017 eng vun den dunn 105 lëtzebuergesche Gemengen.
Op den 1. Januar 2018 ass se mat der Gemeng Mompech zu der Gemeng Rouspert-Mompech fusionéiert.
Uertschaften a Lieu-diten an der fréierer Gemeng[1]
- Uertschaften:
- Lieu-diten:
Geographie
An der Rousperter Gemeng läit den ëstlechste Punkt vum Land op 6°31'53"[2].
Geschicht
Fusioun 2018
Am Oktober 2015 goufe Pläng vun enger méiglecher Fusioun tëscht de Gemenge Rouspert a Mompech bekannt gemaach.[3] De 24. Abrëll 2016 hunn d'Bierger aus den zwou Gemengen an engem Gemengereferendum mat grousser Majoritéit fir eng Fusioun, den 1. Januar 2018, gestëmmt (80,07 Prozent zu Rouspert, 65,18 Prozent zu Mompech). Als neien Numm gouf "Gemeng Rouspert-Mompech" ausgesicht.[4],[5]
-
Rouspert...
-
a Mompech...
-
fusionéieren zu Rouspert-Mompech
Entwécklung vun der Awunnerzuel
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/lb/timeline/t2lw1bflvhbnmtg4hzecj2c0ku47wd1.png)
Quell:STATEC
Wopen
![]() |
Beschreiwung am Originaltext: coupé-ondé de gueules et d'azur à trois crosses d'abbé d'or, deux affrontées et passées en sautoir, la troisième renversée et mise en pal; à la croix ancrée d'argent en abîme brochant sur le tout |
Politik
Buergermeeschteren
![]() |
- ...
- 1888 - 1925: Robert Tudor
- ...
- . . . . - 1938: Nic Meyers
- 1938 - 1940: Mathias Ries
- ...
- 1945 - 31. Dez. 1957: Mathias Ries
- ...
- 1970 - 1981: René Hubert
- ...
- . . . . - 2017: Romain Osweiler
Literatur zum Theema
Jos Krippes, Chronik der Gemeinde Rosport, Ed. Saint-Paul, Lëtzebuerg, 1998
Referenzen
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ (fr)Territoire. statistiques.public.lu. Gekuckt de(n) 24.07.2020.
- ↑ "Referendum geplangt: Rouspert a Mompech kéinte fusionéieren." rtl.lu, Update: 28.10.2015, 13:26:52.
- ↑ "Referendum in Rosport und Mompach - Ein klares Ja!" op wort.lu vum 24 Abrëll 2016
- ↑ Informatioun iwwer de Referendun op der Websäit vun der Gemeng Rouspert Archivéiert de(n) 08.03.2016. Gekuckt de(n) 03.03.2016.