Guillaume Gallienne

Guillaume Gallienne
Gebuer 8. Februar 1972
Neuilly-sur-Seine
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Conservatoire national supérieur d'art dramatique,
Cours Florent
Aktivitéit Komiker, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Radiosspeaker, Filmproduzent, Schauspiller
De Guillaume Gallienne (2014).

De Guillaume Gallienne, gebuer den 8. Februar 1972 zu Neuilly-sur-Seine am Departement Hauts-de-Seine, ass e franséische Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur. Hien ass Sociétaire vun der Comédie-Française.

De Guillaume Gallienne bis ewell zwéi Molières (2010, 2011) a fënnef Césare (2014) kritt, déi meescht dovu fir säin autobiographescht Theaterstéck, dat en duerno selwer verfilmt huet, Les garçons et Guillaume, à table !, an deem e sech selwer a seng Mamm spillt.

Nieft senger Schauspillerei mécht de Galienne och Emissiounen um Radio an op der Televisioun, wou et dacks iwwer Literatur geet, hie mécht Virliesungen, synchroniséiert Filmer an hëlt Lauschterbicher op.

Filmographie (Auswiel)

Als Schauspiller (nëmme Kino)

Laangfilmer
  • 1992: Tableau d'honneur vum Charles Nemes: Castagnier
  • 1995: Sabrina vum Sydney Pollack: Assistant
  • 1996: Un samedi sur la terre vum Diane Bertrand: Bijoutiers-Léierbouf
  • 1997: Jeunesse vum Noël Alpi: Le lyonnais
  • 1997: The Tango Lesson vum Sally Potter: Frënd vum Pablo
  • 1999: Monsieur Naphtali vum Olivier Schatzky: Sommergan
  • 1999: Une pour toutes vum Claude Lelouch: Typ vun der Immobilienagence
  • 2000: Jet Set vum Fabien Onteniente: Evrard Sainte-Croix
  • 2003: Fanfan la tulipe vum Gérard Krawczyk: Aimé Bonaventure Claudion Dominique de La Houlette
  • 2003: Monsieur Ibrahim et les Fleurs du Coran vum François Dupeyron: Autosverkeefer
  • 2004: Narco vum Tristan Aurouet a Gilles Lellouche: Samuel Pupkin
  • 2005: Tu vas rire, mais je te quitte vum Philippe Harel: Pierre-Louis
  • 2006: Fauteuils d'orchestre vun der Danièle Thompson: Pascal
  • 2006: Marie-Antoinette vun der Sofia Coppola: Comte Vergennes
  • 2006: La Jungle vum Mathieu Delaporte: Mathias Warkhevytch
  • 2006: Mon colonel vum Laurent Herbiet: Sous-préfet
  • 2007: Le Candidat vum Niels Arestrup: Sam
  • 2007: National Treasure 2 vum Jon Turteltaub: Polizist um Vëlo
  • 2008: Sagan vun der Diane Kurys: Jacques Quoirez
  • 2008: Musée haut, musée bas vum Jean-Michel Ribes: Max Perdelli
  • 2009: Le Concert vum Radu Mihaileanu: e Kritiker
  • 2010: Ensemble, nous allons vivre une très, très grande histoire d'amour... vum Pascal Thomas: Hubert
  • 2010: L'Italien vum Olivier Baroux: Jacques
  • 2012: Confession d'un enfant du siècle vun der Sylvie Verheyde: Mercanson
  • 2012: Astérix et Obélix: Au service de Sa Majesté vum Laurent Tirard: Jolitorax
  • 2013: Les garçons et Guillaume, à table ! vum Guillaume Gallienne: Guillaume an dem Guillaume seng Mamm
  • 2014: Yves Saint Laurent vum Jalil Lespert: Pierre Bergé
  • 2016: Éperdument vum Pierre Godeau: Jean Firmino
  • 2016: Cézanne et moi vum Danièle Thompson: Paul Cézanne
Kuerzfilmer
  • 1994: Les Flammes du désespoir vum Guillaume Husson
  • 1996: Putain de voleuses vum Edy Garbarski
  • 1996: Sans doute lui vum Shiri Tsour
  • 1997: Fils de personne vum Niels Dubost
  • 1998: Pop-corn vum Yannick Rolandeau
  • 1999: Mon plus beau mariage vum Guillaume Husson
  • 2001: Le Cœur sur la main]] vum Marie-Anne Chazel
  • 2001: En scène ! vum Yvon Marciano
  • 2001: L'Élu vum Fouad Benamou
  • 2006: Le Dernier Épisode de Dallas vum Guillaume Husson
  • 2009: L'Invitation vum Niels Arestrup
  • 2017: Vitalium, Valentine ! vum Jean-Charles Fitoussi

Als Regisseur

  • 2013: Les garçons et Guillaume, à table !
  • 2017: Maryline

Literarescht Wierk

  • Guillaume Gallienne: Les garçons et Guillaume, à table ! Collection Du désavantage du vent. Besançon: Les Solitaires Intempestifs, 2009. ISBN 978-2-84681-269-6.

Um Spaweck