Henri Heyart

Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Henri Heyart
Gebuer 1911
Gestuerwen 2006
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Basketballspiller, Basketballtrainer

Den Henri Heyart, gebuer 1911 a gestuerwen 2006[1], war e lëtzebuergesche Basketballspiller[2] an -trainer.

Den Heyart war ee vun de Pionéier vum Basketball zu Lëtzebuerg.[1] Hien huet seng Basketballcarrière 1932 ugefaangen a war ee Spiller vum BBC Nitia Beetebuerg[3].

1946 war den Heyart am Kader vun der lëtzebuergescher Härebasketballnationalekipp, an huet fënnefmol fir d'Nationalekipp gespillt.[2] No der Retraite als Spiller huet den Heyart als den Trainer vun der Härebasketballnationalekipp geschafft[1].

Hie war ee vun de Grënner vun der Association des anciens du basketball luxembourgeois a.s.b.l.. Hie gouf heiansdo als "Monsieur Basket luxembourgeois" an de "Père du basketball luxembourgeois" ernimmt[3].

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen

  1. 1,0 1,1 1,2 Ouverture officielle de la salle Brosius-Heyart au centre sportif et culturel (fr)
  2. 2,0 2,1 http://archive.fiba.com/pages/eng/fa/player/p/pid/67400/sid/2240/tid/320/tid2//_/1946_European_Championship_for_Men/index.html
  3. 3,0 3,1 Archive copy Archivéiert de(n) 2017-12-22. Gekuckt de(n) 2018-03-05.