De Moundkrater Hyginus an Ëmgéigend Uewen an der Mëtt (LROC-WAC)
Den Hyginus ass en Aschlagkrater op der viischter Moundsäit op der Grenz tëscht dem Sinus Medii an dem Mare Vaporum, nordëstlech vum Krater Triesnecker an nordwestlech vum Krater Agrippa.
De relativ klenge Krater läit ongeféier an der Mëtt vun der MoundrillRima Hyginus, déi zimmlech riicht verleeft.
De Kraterbuedem ass flaach.