Den IC 1318, oder γ-Cygni-Niwwel (Gamma-Cygni-Niwwel) oder Päiperleksniwwel genannt, ass en Emissiounsniwwel an och en H-II-Gebitt am StärebildCygnus. Den Niwwel ass zirka 4 900 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech an huet eng Gréisst vun 100 Liichtjoer. Am Zentrum vum Niwwel läit de Stär Sadr, mat enger Distanz vu 1 500 Liichtjoer. Den IC 1318 gëtt an dräi Deeler, den IC 1318 A, den IC 1318 B an den IC 1318 C agedeelt, déi sech och vuneneen ënnerscheeden. Den IC 1318 B an den IC 1318 C gi vum 20 Liichtjoer breeden Donkelniwwel LDN 889 getrennt.