Iberia
IBERIA | |
---|---|
Gegrënnt: | 1927 |
IATA-Code: | IB |
ICAO-Code | IBE |
Ruffzeechen: | Iberia |
Sëtz: | Madrid-Barajas |
Allianz: | Oneworld |
Flott: | 178 (Mat Iberia Regional) |
Destinatiounen: | iwwer 100 |
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/c9/Iberia_A319_EC-HGT_MUC_2008-08-13_01.jpg/300px-Iberia_A319_EC-HGT_MUC_2008-08-13_01.jpg)
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/d7/Iberia_A343_EC-IIH.jpg/300px-Iberia_A343_EC-IIH.jpg)
Iberia Líneas Aéreas de España S.A. ass déi gréisst spuenesch Fluchgesellschaft. Si huet hire Sëtz zu Madrid.
Geschicht
Iberia gouf den 28. Juni 1927 gegrënnt. Ufanks de 90er expandéiert Iberia massiv a gehéiert mëttlerweil zu de gréisste Bedreiwer vun Airbus A320 Fligeren.
Am Januar 2011 ass d'Iberia mat der British Airways zu enger vun de gréisste Fluchgesellschaften op der Welt fusionéiert. Iberia ass, mat ë. a. British Airways, American Airlines a Qantas, Member vun der oneworld Alliance.
Flott
- 24 Airbus A319-111
- 47 Airbus A320-211
- 19 Airbus A321-211
- 21 Airbus A340-313
- 13 Airbus A340-642
- Iberia Regional Air Nostrum[1]
- 5 ATR 72-500
- 35 Bombardier CRJ200
- 11 Bombardier CRJ900
- 15 Bombardier Dash 8Q-300
- Bestellungen[2]
- 12 Airbus A320-216
- 5 Airbus A340-642
Um Spaweck
Commons: Iberia – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- ↑ ch-aviation.ch: Flott vun Air Nostrum 26. Januar 2009
- ↑ Airbus: Bestellunge vun Iberia 31. Dezember 2008