Informatik

Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Python syntax

D'Informatik (engl.: computer science) ass eng Ingenieurswëssenschaft, déi sech mat der systematescher an automatescher Veraarbechtung, Duerstellung, Späicherung an Iwwerdroung vun Informatioun, besonnesch mat Hëllef vu Computeren, befaasst.

Se huet sech ënner anerem aus der Mathematik an der Elektrotechnik entwéckelt a gëtt zanter den 1960er Joren als selbststänneg Wëssenschaft ugesinn. Well an alle Richtunge vun der Wëssenschaft d'Duerstellung, Interpretatioun, Veraarbechtung an d'Produktioun vun Informatioun eng zentral Roll spillt, déngt d'Informatik als universell Hëllefswëssenschaft.

Deeldisziplinnen an der Informatik

Traditionell deelt d'Informatik sech a follgend Beräicher op:

Theoreetesch Informatik

D'Theoreetesch Informatik beschäftegt sech mat der Abstraktioun an der Konstruktioun vu Modeller an Zesummenhang mat Problemer, déi an iergendenger Weis mat Computeren ze dinn hunn. Si ass d'mathematesch Basis vun der Informatik an domat och déi eelst Deeldisziplin. Si ënnerdeelt sech ënner anerem an:

  • Automatentheorie a Formal Sproochen
  • Berechebarkeetstheorie
  • Komplexitéitstheorie
  • Algorithmen an Datestrukturen
  • Formal Semantik

Praktesch Informatik

D'Praktesch Informatik befaasst sech mat de Softwaregrondlage vun der Informatik. Si gëtt dacks als de Kär vun der Informatik ugesinn, obwuel et am amerikanesche Sproochgebrauch kee richtegen Numm fir se gëtt. Zu hir zielen zum Beispill:

Technesch Informatik

D'Technesch Informatik befaasst sech mat den Hardwaregrondlage vun der Informatik. Hir Wuerzele leien an der Elektrotechnik an an der Logik. De Mëttelpunkt vun der Technescher Informatik läit awer virun allem an der Kombinatioun vun den eenzele Bauelementer, soudatt se funktiounsfäeg Computeren erginn. Zu hir ginn ënner anerem gezielt:

  • Computerarchitektur
  • Robotik
  • Schaltungen

Applizéiert Informatik

D'applizéiert Informatik beschäftegt sech mat den Uwennungsméiglechkeete vu Computeren an allen anere Beräicher vun der Wëssenschaft.

Entwécklung an der Informatik

  • 1931: De Kurt Gödel widderleet mat sengem Onvollstännegkeetssaz d'Hilbert-Entscheedungsproblem, datt all mathematesch Aussoe mat wouer oder falsch z'entscheede sinn.
  • 1936: Den Alan Turing definéiert d'Turingmaschinn, en einfache mathematesche Modell vun engem Rechenautomat.
  • 1941: De Konrad Zuse baut Z3, den éischte wierklech funktiounsfäegen a fräi programméierbare Computer.
  • 1945: Den John von Neumann stellt seng Von-Neumann-Architektur vir, e Modell vun engem universelle Computer mat enger eenzeger Späicherstruktur, déi d'Instruktiounen an Donnéeë späichert.
  • 1956: Den Noam Chomsky (Linguist) entwéckelt d'Chomsky-Hierarchie, eng Andeelung vu Grammairen an Typpen, déi an der Theoreetescher Informatik vun zentraler Bedeitung ass.

Pionéier an der Informatik

Referenzen

Um Spaweck

Commons: Informatik – Biller, Videoen oder Audiodateien