Infrabel-Linn 162

Infrabel Linn 162 / Sterpenech - Namouer
Garen - Uschlëss - Brécken
Tunnelen - Barriären
Km BK
Lëtzebuerg  
Grenz Lëtzebuerg-Belsch 00,0 207.8
Sterpenech 206.7
Uschloss: Athus 203.2
Arel 09,7 198.0
Viville 11,7 196.1
Stockem 194.8
Stockem 13,2 194.6
Hachy 187.1
Habay 23,6 184.2
A 4 181.3
Houdemont 180.7
Rulles 178.9
Marbehan-Virton-Ecouviez 177.6
Marbehan 30,7 177.1
Mellier 172,4
Habâru 167.5
Nationale 40 163.3
Ruisseau de Longlier 161.2
Nationale 85 160.9
A 4 156.4
Ofzweigung fréier
Eisebunnsstreck Libramont-St.Vith
152.1

Uschloss Ausstellung
Libramont
 
56,2
 
151.6
Eisebunnsstreck Athus-Bertrix-Libramont 151.1
Nationale 89 149.1
Pont de Libin 142.2
Poix-Saint-Hubert N808 138.4
Poix-Saint-Hubert 69,5 138.3
Mirwart (Étangs St. Roch) 73,9 133.9
Grupont 78,9 128.9
fréier Halt vu Lesterny 125.3
Forrières 85,5 122.3
Jemelle 88,6 119.2

Marloie
Eisebunnsstreck Marloie-Angleur
94,6 113.2
Aye 97,5 110.3
Haversin 101,2
Haversin 106,7 101.1
Chapois 90.8
Leignon N938 93.9
Leignon 114,1 93.7
Nationale 97 91.5
Ciney 90.8
Ciney 117,2 90.6
Fréier Streck Statte-Ciney 90.1
Braibant 87.3
Uschloss: Dinant 86.9
Natoye 84.4
Natoye 123,5 84.3
Florée 125,1 82.7
Assesse 129,8 79.9
Nationale 4 77.2
Courrière 131,0 76.8
Autobunn A4 74.9
Naninne 131,0 70.5

Naninne 70.4
69.5
Streck Namur-Givet 137,3 63.3
Anhaive Nationale 97 63.1
Meuse 144.8 62.9
Namur 146,3 61.5
Uschloss:
Léck
Charleroi
Bréissel
59.5 [1]
 

D'Infrabel-Linn 162 ass eng Zuchstreck déi Sterpenech op der belsch-lëtzebuergescher Grenz mat Namur verbënnt. Zesumme mat der Streck Namur-Bréissel bilt se déi international Streck Lëtzebuerg-Bréissel

D'Linn 162 ass de Réckstrank vun der Eisebunn an der Provënz Lëtzebuerg, well se mat hiren Antennen zu Arel, Libramont a Marloie an déi verschidden Ecker vun der Provënz kënnt.

Historesche Kontext

Gebaut gouf se als bëllegen Transportwee tëscht Namur, als Haaptstad vu Wallounien, an de fréiere lëtzebuergeschen Territoiren op der Grenz mam Grand-Duché. D'Ardenne sinn e schwieregen Terrain fir eng Eisebunnslinn ze bauen, wëll et vill Koppen a Baache gëtt déi sech dacks unenaner reiwen an net vill Plaz fir grouss Konstruktioune loossen. Et kann een haut nach un der Streck gesinn, a wéi engem Ëmfang 1858 probéiert gouf d'Käschte kleng ze halen. Op där 146 Kilometer laanger Streck gëtt et keen eenzegen Tunnel a keng gréisser Bréck, wouwéinst d'Streck plazeweis eng Pente vu 16 Promill huet. Donieft hunn d'Constructeure plazeweis Kéiere vu bis zu 90° gebaut, beispillsweis an de Kéiere vu Mirwart.

Entwécklung

  • Vun 1835 un entwéckelt sech an der Belsch d'Eisebunn vun Malines aus, an all Ecker vum Land. Nodeem d'Haaptachse gebaut waren, ass vun 1844 un, an enger zweeter Phas, d'Eisebunn a Richtung vun de Grenze gedriwwe ginn.
  • An engem Gesetz vum 18. Juni 1846 gouf de Bau vun enger Eisebunnslinn tëscht Bréissel a Lëtzebuerg decidéiert. D'Grande compagnie du Luxembourg gëtt am nämmlechte Joer gegrënnt a fänkt mam Leeë vun de Schinnen un.
  • Wéi bei villen Eisebunnslinnen déi ëm déi Zäit gebaut goufen, ass och hei de private Budget net duergaangen an de belsche Staat huet misse méi Geld bäisteiere wéi Ufanks geplangt war.
  • 1858 war d'Streck fäerdeg a gouf an dräi Schrëtt ageweit: Namur - Ciney, Ciney - Grupont a Grupont - Arel.
  • Well de belsche Staat, 1873 beim Verleeë vun engem zweete Gleis nees finanziell agräife muss, gëtt decidéiert d'Grande compagnie du Luxembourg ze nationaliséieren.
  • Vun 1935 un elektrifizéiert d'SNCB hire Reseau, als éischt op där wichteger Streck Bréissel - Antwerpen, duerno am Rescht vum Land. De gréissten Deel vun deenen Aarbechte war nach net fäerdeg wei den Zweete Weltkrich ausgebrach ass, an d'Belsch vun Nazi-Däitschland besat gouf.
  • No der Befreiung gëtt de Reseau moderniséiert an déi typesch Catenairesportaler ginn opgeriicht. Vun 1956 un, si se och tëscht Lëtzebuerg an Namouer ze fannen, wat d'Linn 162 zu enger wichteger Linn fir de Gidder- a Persounentrafic mécht. De gréissten Deel vun de Wueren déi am Kader vun derBelsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun tëscht de Länner zirkuléieren, maachen dat iwwer d'Linn 162 vun 1957 un, um Krop vun der fonkelneier Serie 23, déi haaptsächlech am Giddertransport agesat gouf. Am Persounentrafic komme belsch Automotricen an den Asaz.
  • 1980, koum mat den Automotricen 80 en neit Material fir de Persounentrafic op d'Streck. 1984 gëtt den Trafic tëscht Bréissel a Lëtzebuerg am InterCity J vertakt. Zäitgläich gi vill kleng Halten op der Streck zougemaach.
  • Vun 2000 u komme mat den AM 96 nei Automotricen. Vun 2003 u kommen déi nei M6 Voituren an den Asaz. Domat leeft op der Linn 162 mat dat modernst Material dat d'SNCB huet.
  • Zanter 2009 gëtt sech ëm den desolaten Zoustand vun der Linn gekëmmert, wat mat enger Modernisatioun vun der Catenaire ugefaangen huet an duerno och d'Verleë vun neie Schinne virgesäit. D'Zill ass et bis 2014 eng Vitess vun 160 km/h op der Linn méiglech ze maache fir datt d'AM96 an d'Dostozich hir Héchstvitesse op der ganzer Streck kënnen ausspillen.

Zich déi iwwer d'Linn 162 fueren

Zukunft

1956 huet d'SNCB d'Linn ënner 3.000 Volt Gläichstroum elektrifizéiert a mat Lokomotive vun der Serie 23 Gidder- a Persounenzich op Lëtzebuerg bruecht. D'SNCB huet zanter 1956 sou gutt wéi keng Moderniséierungsaarbechten op der Streck gemaach, wouwéinst se haut déi belsch Haaptstreck mat där niddregster Referenzvitesse ass, also där Vitess déi am Durchschnëtt ka gefuer ginn. Wärend 1956 d'Penten eng Héchstvitesse vun 130 km/h zougelooss hunn, wat deemools vill war, ass d'Héchstvitesse haut nach ëmmer bei 130 km/h, wat d'Streck net grad konkurrenzfäeg mécht. Et ass een haut méi séier vu Bréissel aus zu Stroossbuerg, wann een den Ëmwee mam TGV iwwer Paräis hëlt.

Et gëtt Pläng d'Streck mat enger neier 25kV Wiesselstroumcatenaire z'equipéieren an d'Spannung deementspriechend ze modifizéieren. Mëtt 2011 stoungen déi néi Poteauen um Stéck tëscht der Lëtzebuerger Grenz an der Gare zu Arel a plazeweis tëscht Libramont a Jemelle.

Um Spaweck

Commons: Infrabel-Linn 162 – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten

  1. Origine:Léck Gare Guillemins