Isabel Santos-Lima

Isabel Wiseler-Santos Lima
D'Isabel Wiseler-Santos Lima als Europadeputéiert (2024)
Gebuer 29. Dezember 1961
Lissabon
Nationalitéit Lëtzebuerg, Portugal
Educatioun Universitéit Sorbonne Nouvelle
Aktivitéit Politiker, Lycéesprofesser
Partei CSV
Fonctioun Europadeputéierten
Famill
Bestuet mat Claude Wiseler

D'Isabel Wiseler-Santos Lima, gebuer den 29. Dezember 1961 zu Lissabon (Portugal)[1], ass eng lëtzebuergesch Professesch an CSV-Politikerin.

Biographie

D'Isabel Santos Lima ass Mëtt der 1960er Jore mat hirer Mamm op Lëtzebuerg komm, nodeems hire Papp schonn 1964 fir d'éischt zu Diddenuewen an duerno zu Lëtzebuerg no enger Aarbechtsplaz gesicht hat. D'Famill huet fir d'éischt zu Zéisseng gewunnt, spéider um Belair.[2] SI huet zu Paräis op dei Université Sorbonne-Nouvelle studéiert, wou si hir Maîtrise 1984 a lettres modernes gemaach huet. Si huet als Professesch um Fieldge geschafft a war do vun 2013 bis 2017 attachée à la direction.

Si ass zanter 1985 Member vun der CSV, an zanter de Gemengewalen am Oktober 2005 Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg, wou si, vun 2017 bis Juni 2019, Schäffin war.

Am Juni 2019 huet si fir d'Europawale kandidéiert a gouf als ee vun de sechs Lëtzebuerger Deputéierten an d'Europaparlament gewielt[3]. Si huet dat europäescht Mandat ugeholl an doropshin am Stater Schäfferot demissionéiert. Si blouf weiderhin am Gemengerot[4] bis un d'Enn vun hirem Mandat, 2023.

Privatliewen

D'Isabel Wiseler-Santos Lima ass mam Claude Wiseler bestuet an d'Koppel huet 2 Bouwen an ee Meedchen.[2]

Um Spaweck

Commons: Isabel Santos-Lima – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Biographie op paperjam.lu, fir d'lescht gekuckt de 27. Mee 2019
  2. 2,0 2,1 Luis Pedro Cabral, Die Liebesgeschichte von Claude und Isabel Wiseler. wort.lu [€] (12.01.2025); Luxemburger Wort, (15.01.2025), S. 58-59. Gekuckt de(n) 15.01.2025.
  3. Élections européennes 2019 - Candidats élus op elections.public.lu, gekuckt de 27. Mee 2019
  4. "Isabel Wiseler-Lima demissionéiert aus dem Stater Schäfferot". rtl.lu de 24. Juni 2019.