Ismael Boulliau

Ismael Boulliau
Gebuertsnumm Ismaël Boulliaud, Ismael Bullialdus
Gebuer 28. September 1605
Loudun
Gestuerwen 25. November 1694
Paräis
Nationalitéit Kinnekräich Frankräich
Aktivitéit Astronom, Mathematiker, Bibliothecaire, Kathoulesche Priister, Physiker
Member vun Royal Society

Den Ismael Boulliau, och Boulliaud oder Ismaël Bullialdus, gebuer den 28. September 1605 zu Loudun am Departement Vienne, a gestuerwen de 25. November 1694 zu Paräis, war e franséischen Astronom.

Liewen

Mat 21 Joer hat de Boulliau vum Calvinismus zum Katholizismus konvertéiert a gouf am Alter vu 26 Joer zum Paschtouer geweit. 1632 gouf hie zesumme mat de Bridder Pierre a Jacques Dupuy Bibliothecaire an der Bibliothèque du Roi zu Paräis.

1657 gouf hie Sekretär vum franséische Botschafter an Holland.

De Boulliau war mam Pierre Gassendi, dem Christiaan Huygens, dem Marin Mersenne an dem Blaise Pascal befrënnt. Hien huet d'Usiichte vum Galileo Galilei an dem Nicolaus Copernicus ënnerstëtzt.

De 4. Abrëll 1667 gouf hien op Virschlag vum Henry Oldenburg zum Fellow of the Royal Society gewielt.

De Boulliau hat scho virum Isaac Newton a sengem Wierk Astronomia philolaica (1645) festgehalen, datt d'Gravitatiounskraaft mam Quadrat vun der Distanz ofhëlt.

An de leschte fënnef Joer vu sengem Liewe war hie Paschtouer an der Abtei St. Victor zu Paräis.

De Moundkrater Bullialdus gouf 1935 no him genannt.

Wierker

Opus novum ad arithmeticam infinitorum libris sex comprehensum, 1682
  • 1638: De natura lucis
  • 1639: Philolaus
  • 1644: Expositio rerum mathematicarum ad legendum Platonem utilium, translation of Theon of Smyrna
  • 1645: Astronomia philolaica
  • 1657: De lineis spiralibus
  • 1667: Ad astronomos monita duo
  • 1682: Opus novum ad arithmeticam infinitorum

Literatur

  • Henk J. M. Nellen: Ismaël Boulliau (1605–1694). Astronome, épistolier, nouvelliste et intermédiaire scientifique. Ses rapports avec les milieux du Libertinage érudit. APA-Holland University Press, Amsterdam u. a. 1994, ISBN 90-302-1034-6 (= Études de l'Institut Pierre Bayle, Band 24; zugleich Dissertation, Universität Nijmegen 1980).

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck