Jängy Schmit

Jängy Schmit
Portrait vun 1954
Gebuer 9. August 1931
Diddeleng
Gestuerwen 28. Oktober 2010
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler

De Jängy Schmit oder Jean Schmit, gebuer den 9. August 1931 zu Diddeleng[1] a gestuerwen den 28. Oktober 2010[2] zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Vëlossportler an Olympionik.

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1952 zu Helsinki vertrueden.[3]

De Jängy Schmit ass an de Joren 1953, 1954 a 1956 den Tour de France gefuer. Hien huet sech 1953 als 72. klasséiert. 1954 a 1956 huet en all Kéier an der 11. Etapp opginn.

Auszeechnungen

Palmarès

1948

1950

  • 11. an der Österreich-Rundfahrt (5. am Biergklassement)
    • 1. an der 1. Etapp vu Wien op Graz (200 km)
    • 2. an der 2. Etapp vu Graz op Klagenfurt (153 km)

1952

  • 4. an der Österreich-Rundfahrt (2. am Biergklassement)
    • 2. an der 1. Etapp vu Wien op Graz (200 km)
    • 10. an der 3. Etapp vu Klagenfurt op Lienz (147 km)
    • 6. an der 4. Etapp vu Lienz op Saalbach (114 km)
    • 8. an der 5. Etapp vu Saalbach op Innsbruck (168 km)
    • 9. an der 6. Etapp vun Innsbruck op Salzburg a vu Salzburg op Linz (280 km)
    • 7. an der 7. Etapp vu Linz op Wien (182 km)

1953

  • 72. am Tour de France

1954

  • Tour de France (opginn an der 11. Etapp)

1955

  • Lëtzebuerger Champion am Cyclo-Cross

1956

  • Lëtzebuerger Champion am Cyclo-Cross
  • 8. op der Weltmeeschterschaft am Cyclo-Cross
  • Tour de France (opginn an der 11. Etapp)

1957

  • Lëtzebuerger Champion am Cyclo-Cross
  • 9. op der Weltmeeschterschaft am Cyclo-Cross

1958

  • Lëtzebuerger Champion am Cyclo-Cross
  • 7. op der Weltmeeschterschaft am Cyclo-Cross

1959

  • 5. op der Weltmeeschterschaft am Cyclo-Cross

1960

  • Lëtzebuerger Champion am Cyclo-Cross

1961

  • Lëtzebuerger Champion am Cyclo-Cross

1963

  • Lëtzebuerger Champion am Cyclo-Cross

1965

  • Lëtzebuerger Champion am Cyclo-Cross

Kuckt och

Referenzen

  1. De Jängy Schmit op der Websäit vu sports-reference.com
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort Nr 255 vum 2. November 2010, S. 50
  3. De Jean Schmit op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  4. 30-06-2008: Promotion dans les ordres nationaux »: Les anciens « Olympiens » luxembourgeois à l'honneur