Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jekaterinburg (Екатеринбург, vun 1924–1991 Swerdlowsk - Свердловск) ass d'Haaptstad vun der Oblast Swerdlowsk a Russland. Si läit ëstlech vum Ural un der Trennlinn tëscht Europa an Asien. De Floss Isset leeft an d'Transsibiresch Eisebunn fiert derduerch. Mat gutt 1,4 Milliounen Awunner (Stand 2015) ass et déi véiertgréisste Stad a Russland, no Moskau, Sankt Péitersbuerg an Nowosibirsk.
Geschicht
An der Nuecht vum 16. op de 17. Juli 1918 hunn d'Bolschewiki am Ipatjew-Haus dee leschten Zar Nikolai II. a seng Famill ermuert. Haut steet op där Plaz d'Kathedral um Blutt.