John Barrymore
John Barrymore | |
---|---|
Gebuer |
15. Februar 1882 Philadelphia |
Gestuerwen |
29. Mee 1942 Los Angeles |
Doudesursaach | Liewerzirros |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Dréibuchauteur |
Famill | |
Bestuet mat | Dolores Costello, Blanche Oelrichs |
Papp | Maurice Barrymore |
Geschwëster | Ethel Barrymore |
Kanner | Diana Barrymore |
Den John Barrymore, gebuer de 14. Februar 1882 zu Philadelphia, a gestuerwen den 29. Mee 1942 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Schauspiller.
Säi Liewen
Den John Barrymore war den drëtte Jong vun der legendärer amerikanescher Theaterschauspillerkoppel, dem Maurice Barrymore an der Georgie Drew. En huet säin Theaterdebut mat 18 Joer an Optrëtter mat sengen Eltere ginn. Mat hinnen ass en queesch duerch d'Vereenegt Staate gereest. An der Zäit vum groussen Äerdbiewe vu San Francisco am Joer 1906 ass hie grad do opgetrueden, awer en huet d'Katastroph iwwerlieft. Duerno ass en um Broadway opgetrueden. Vun 1914 un war en dacks a Stommfilmer ze gesinn. An den 20er Joren huet en zu deene bekanntsten Duersteller vun Hollywood gehéiert.
Mam Ufank vum Tounfilmzäitalter goung seng Carrière sou lues dem Enn zou, besonnesch wéinst sengem Alkoholismus mat deem hie schonn zanter senger fréier Jugend geplot war.
Den John Barrymore war de Brudder vun de Schauspiller Lionel Barrymore an Ethel Barrymore, de Papp vum John Drew Barrymore an de Grousspapp vun der Schauspillerin Drew Barrymore.
Seng Filmer
Tounfilmer
- 1940 - The Invisible Woman - Regie: A. Edward Sutherland
- 1940 - The Great Profile - Regie: Walter Lang
- 1939 - Midnight - Regie: Mitchell Leisen (mat der Claudette Colbert)
- 1939 - The Great Man Votes - Regie: Garson Kanin
- 1938 - Spawn of the North - Regie: Henry Hathaway (mam George Raft an dem Henry Fonda)
- 1938 - Marie Antoinette - Regie: W. S. Van Dyke (mat der Norma Shearer an dem Tyrone Power)
- 1937 - True Confession - Regie: Wesley Ruggles (mat der Carole Lombard an dem Fred MacMurray)
- 1937 - Maytime - Regie: Robert Z. Leonard (mat der Jeanette MacDonald)
- 1936 - Romeo and Juliet - Regie: George Cukor (mat der Norma Shearer, de Barrymore als Mercutio)
- 1934 - 20th Century - Regie: Howard Hawks (mat der Carole Lombard)
- 1933 - Counsellor at Law - Regie: William Wyler (Bebe Daniels)
- 1933 - Night Flight - Regie: Clarence Brown (mam Clark Gable)
- 1933 - Dinner at Eight - Regie: Sidney Franklin (mat der Marie Dressler, dem Wallace Beery an der Jean Harlow)
- 1933 - Topaze - Regie: Harry d'Abbadie d'Arrast (mat der Myrna Loy)
- 1932 - Rasputin and the Empress - Regie: Richard Boleslawski (deen eenzege Film mat allen dräi Barrymore-Gesëschter)
- 1932 - A Bill of Divorcement - Regie: George Cukor (mat der Billie Burke an der Katharine Hepburn)
- 1932 - Grand Hotel - Regie: Edmund Goulding (mat der Greta Garbo an der Joan Crawford)
- 1932 - Arsène Lupin - Regie: Jack Conway (mam Lionel Barrymore)
- 1931 - The Mad Genius - Regie: Michael Curtiz
- 1931 - Svengali - Regie: Archie Mayo
- 1930 - Moby Dick - Regie: Lloyd Bacon (mat der Joan Bennett, de Barrymore als Kapitän Ahab)
- 1930 - General Crack - Regie: Alan Crosland
Stommfilmer
- 1929 - Eternal Love - Regie: Ernst Lubitsch (mat der Camilla Horn)
- 1928 - Tempest - Regie: Sam Taylor (mat der Camilla Horn)
- 1927 - The Beloved Rogue - Regie: Alan Crosland (mam Conrad Veidt, de Barrymore als Francois Villon)
- 1927 - When a Man Loves - Regie: Alan Crosland (mat der Dolores Costello)
- 1926 - Don Juan - Regie: Alan Crosland (mat der Mary Astor an der Myrna Loy)
- 1926 - The Sea Beast - Regie: Millard Webb (mat der Dolores Costello)
- 1924 - Beau Brummel - Regie: Harry Beaumont (mat der Mary Astor)
- 1922 - Sherlock Holmes - Regie: Albert Parker (mam William Powell)
- 1920 - Dr. Jekyll und Mr. Hyde - Regie: John S. Robertson
- 1916 - The Red Widow - Regie: James Durkin
- 1915 - The Dictator - Regie: Oscar Eagle
Hauptrollen am Broadway
- 1940 - My Dear Children vun der Catherine Turney - Regie: Otto Preminger
- 1922 - Hamlet vum William Shakespeare
- 1920 - Richard III. vum William Shakespeare
- 1917 - Peter Ibbetson no der Daphne Du Maurier
- 1916 - Justice vum John Galsworthy
- 1912 - The Affairs of Anatol vum Arthur Schnitzler
- 1911 - Uncle Sam vun der Anne Caldwell
- 1909 - The Fortune Hunter vum Winchell Smith
- 1904 - The Dictator vum Richard Harding Davis