Kanton Capellen
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Chef-lieu | Capellen |
Fläch | 199,21 km² |
Awunner | 54.352 |
De Kanton Capellen ass ee vun den zwielef Lëtzebuerger Kantonen. E läit am Südweste vum Land. Haaptuert vum Kanton ass d'Uertschaft Capellen, déi eenzeg Uertschaft am Land déi Kantonalhaaptuert ass, ouni de Sëtz vun enger Gemeng ze sinn.
De Kanton grenzt am Norden un d'Kantone Réiden a Miersch, am Osten un de Kanton Lëtzebuerg, am Süden un de Kanton Esch-Uelzecht an am Westen un déi belsch Provënz Lëtzebuerg.
Déi 9 Gemengen am Kanton sinn:
LAU-Code | Gemeng | Fläch (km²)[1][2] |
---|---|---|
LU0101 | Dippech | 17,42 |
LU0102 | Garnech | 20,95 |
LU0103 | Habscht | 32,51 |
LU0104 | Käerjeng | 33,67 |
LU0105 | Kielen | 28,18 |
LU0106 | Käerch | 18,88 |
LU0107 | Koplescht | 7,90 |
LU0108 | Mamer | 27,54 |
LU0110 | Stengefort | 12,16 |
Fläch vum Kanton | 199,21 |
Demographie
Literatur
- Organisatiouns-Comité vun der Kantonalfeier op der Cap, den 11. Juni 1939, Der Kanton Capellen - Festschrift zur Zentenarfeier der Unabhängigkeit Luxemburgs 1839-1939 ; Lëtzebuerg (Dréckerei St. Paulus), 1939; 344 Säiten.
- (28 verschidden Auteuren) Kanton Capellen ; Sonnernummer vun nos cahiers, 24. Joer - 2003, Nr. 3/4; 447 Säiten (ill.), = 27 Bäiträg.
Kuckt och
Referenzen
- ↑ (fr)Subdivisions territoriales (Situation au 1er janvier 2018). lustat.statec.lu (01.01.2018). Gekuckt de(n) 20.11.2022.
- ↑ (fr)Population par canton et commune; Densité de la population par canton et commune. lustat.statec.lu (01.01.2023). Gekuckt de(n) 11.05.2023.