La Acebeda

La Acebeda
Land Spuenien
Awunner 68 (2024)
Fläch 22 km²
Koordinaten 41°4'59"N, 3°37'0"W
Postcode 28755
Websäit https://laacebeda.org/

La Acebeda ass eng Gemeng an der autonomer Gemeinschaft Madrid an der Provënz Madrid a Spuenien.

D'Gemeng La Acebeda huet 51 Awunner op enger Fläch vun 22 km².

Geschicht

  • Den Numm vum Duerf kënnt vun der Stiechpalm ("acebo" op Spuenesch), déi een dacks an a rondrëm d'Uertschaft fënnt.
  • 1833 ass La Acebeda wéi vill aner Uertschaften och aus der Provënz Segovia geholl ginn an Deel vun der Autonomer Gemeinschaft Madrid ginn.
  • Déi meeschten Awunner hat d'Gemeng 1889: dunn hunn 360 Leit do gewunnt.
  • Joerhonnertelaang war d'Bevëlkerung ländlech gepräagt, bis am 20. Joerhonnert déi éischt Awunner a Madrid emigréiert sinn.

Fester

Déi zwee bedeitenst Fester sinn d'"Nuestra Señora de la Virgen Blanca" am Juli an d'"Fiesta de San Miguel", d'Fest vum Schutzpatrioun vun der Gemeng, den 29. September.

Biller

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: La Acebeda – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen