Liz May

Liz May
Gebuertsnumm Elizabeth Nicola May
Gebuer 27. Juli 1983
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Triathleet, Duathleet, Jurist
D'Liz May um Podium vum Wämper Triathlon 2007 (1. Plaz).

D'Elizabeth Nicola Holst May, genannt Liz, gebuer de 27. Juli 1983 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Sportlerin vun dänesch-brittescher Ofstamung an dräifach Olympionickin[1]. Si war tëscht 2003 an 2013 eng professionell Triathleetin[2].

Sportlech Karriär

D'Liz May ass iwwer de Ballet an den Aikido zum Sport komm an huet mat zéng Joer d'Liichtathleetik a mat zwielef Joer d'Schwamme fir sech entdeckt. Nëmmen eng Disziplin ass hir awer net duergaangen a si huet 1997 hiren éischten Triathlon zu Wäiswampech absolvéiert. 2002 ass si op der Junior-Triathlon-Weltmeeschterschaft zu Cancún a Mexiko op déi drëtt Plaz komm[1].

Fir datt si op den Olympesch Spiller 2004 zu Athen fir Lëtzebuerg starte kéint, huet si – wéi se groussjäreg gouf – hir dänesch Nationalitéit zu Gonschte vun der Lëtzebuerger opginn. Obwuel si bei enger Rëtsch Coursse vir am Klassement derbäi war, krut si déi néideg Punkte fir Athen net beieneen. Den COSL huet hir doropshin eng Wildcard ugefrot, déi si och accordéiert krut, absënns och well si als „Opsteigerin vum Joer 2003“ ausgezeechent gi war[1].

Op de Spiller zu Athen koum si ënner 50 Konkurrentinnen aus 25 Natiounen an der Zäit vun 2.08'29'' op déi 17. Plaz.

Nodeem si am Hierscht 2004 mat hirem Droitsstudium zu Kopenhagen ugefaangen hat, huet si och deelweis do trainéiert. Duerch eng Rei Feeler beim Training koum si dunn op den Olympesche Spiller 2008 zu Peking ënner 55 Konkurrentinnen aus 30 Natiounen an der Zäit vun 2.07'55'' just op d'Plaz 41[1].

Si gouf fënnefmol (2004, 2005, 2006 2007 an 2009) als Lëtzebuergesch Sportlerin vum Joer gewielt.

Sportleche Palmarès

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Privates

D'Liz May huet Droit studéiert, als éischt vun 2002 bis 2004 zu Tréier an duerno, vun 2004 bis 2013 zu Kopenhagen. Sie huet hiren Ofschloss 2013 gemaach a schafft zanter 2014 als juriste linguiste um Europäeschen Geriichtshaff um Kierchbierg.

An hirer Fräizäit schafft si als Kënschtlerin (Molerei) an Illustratorin.[1]

Politik

Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 war d'Liz May Kandidatin op der Lëscht vun der LSAP am Zentrum. Si ass awer net an d'Chamber gewielt ginn[3].

Kuckt och

Virdrun   Sportlerin vum Joer   Duerno
Claudine Schaul
Marie Muller
2004 - 2005 - 2006 - 2007
2009
Marie Muller
Marie Muller


Um Spaweck

Referenzen

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 72-73. ISBN 978-2-9599734-5-1
  2. (en)Liz May – About. homepages.internet.lu. Gekuckt de(n) 18.06.2024.
  3. Patrick Besch, Promis im Wahlkampf op wort.lu de 17. Oktober 2018 an an der Drockversioun vum Wort vum 18. Oktober 2018, Säit 2, ënner dem Titel „Mäßiger Erfolg“