Marie-Paule Feiereisen

Marie-Paule Feiereisen
Gebuer 27. Juli 1955
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Kënschtler

D'Marie-Paule Feiereisen, gebuer de 27. Juli 1955 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch visuell Artistin.

Si huet zu Paräis studéiert. No enger Maîtrise op der Sorbonne hat si bis 1982 eng Plaz am Atelier Claude Augereau op der École nationale supérieure des beaux-arts.

1990 huet si Lëtzebuerg op der Biennale vu Venedeg vertrueden.

Ausstellungen

  • Salons du Cercle artistique (1977-1980)
  • Trente artistes luxembourgeois
  • La femme dans la peinture luxembourgeoise

International Konschtausstellungen 1991 - 2000

  • FIAC zu Paräis, mat der Galerie La Ferronnerie vu Paräis a mat der Galerie Beaumont vu Lëtzebuerg
  • Art Cologne zu Köln, mat der Galerie Beaumont
  • Art Brussels zu Bréissel, mat der Galerie Beaumont
  • Art Nocturne Knocke zu Knokke, mat der Galerie La Ferronnerie
  • Art Gent zu Gent, mat der Galerie Beaumont
  • Artissima zu Turin, mat der Galerie Beaumont


Literatur