McDonald's

Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
McDonald's
Grënnungsdatum 15. Mee 1940
Sëtz Chicago
Besëtzer The Vanguard Group, BlackRock
Generaldirekter Don Thompson
Mataarbechter 200.000
  (31. Dezember 2020)
Ëmsaz 23.182.600.000 US-Dollar
  (2022)
Homepage https://www.mcdonalds.com

McDonald's ass eng US-amerikanesch Fastfoodketten. Et ass déi gréisst Hamburgerketten op der Welt an zerwéiert all Dag ongeféier 47 Millioune Clienten (Stand: 2025).

Et gi ronn 31.000 McDonald's Restaurante weltwäit. Vill vun de Restaurante vun der Firma ginn ënner Franchise bedriwwen. Besonnesch verkeeft McDonald's Hamburger (dorënner de Big Mac), Cheeseburger, Poulet, Fritten, Limonad, Milkshaken an Desserten.

Geschicht

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'Firma gouf 1940 vum Richard a Maurice McDonald gegrënnt wéi se den éischte McDonald's Restaurant zu San Bernardino, Kalifornien, USA opgemaach hunn.

McDonald's zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg huet déi éischt McDonald's-Filial de 17. Juli 1985[1] an der Stad, an der Aler Avenue, opgemaach.

2025 gouf et am Land 12 Filialen. Si ginn als Franchise vun der Moore Food Sàrl bedriwwen.[2]

Um Spaweck

Commons: McDonald's – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Communiqué de Presse vum 7.10.2013 op RTL bei Geleeënheet vun der Ouverture vum MacDonald's an der Belle Étoile. Quelques mots sur McDonald's Luxembourg: Le premier restaurant McDonald's à Luxembourg a ouvert ses portes en 1985 dans l'avenue de la Gare, à quelques mètres de la gare centrale de Luxembourg
  2. Mc Donald's Luembourg / Restaurants (nogekuckt: 20.01.2025).