Ministère de la Mobilité et des Travaux publics
Ministère de la Mobilité et des Travaux publics | |
---|---|
Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten | |
Land | Lëtzebuerg |
Minister | Yuriko Backes |
Verwaltungssëtz | Lëtzebuerg |
Ënnersteet der/dem | Lëtzebuerger Regierung |
Gegrënnt | 5. Dezember 2018 |
Um Spaweck | https://mmtp.gouvernement.lu/ |
Deen dacks just Transportministère oder Bauteministère genannte Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten (fr: Ministère de la Mobilité et des Travaux publics, gekierzt MMTP) ass e Ministère zu Lëtzebuerg dee sech prioritär op Interventiounen an de Beräicher Transport an ëffentlech Aarbechte këmmert.
Allgemenges
De Ministère ass 2018 entstanen an huet de fréiere Ministère du développement durable et des infrastructures ersat.
Kompetenz vum Ministère
D'Beräicher, Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:
Beräich „Mobilitéit“
- Allgemeng Verkéierspolitik: Definitioun, Konzept an Orientéierung duerch d'Festleeë vun de Bedierfnesser, d'Bestëmme vun de Prioritéiten, d'Ëmsetze vun de Moyenen an d'Kontroll vun den Ausgaben; allgemeng Koordinatioun vun der Aarbecht; Persouneschutz vun de Regierung
- Eisebunn: Strategie a Koordinatioun vum Persounen- a Giddertransport; Entwécklung vun der Eisebunnsinfrastruktur a Koordinatioun vun der internationaler Eisebunnsubannung; Verwaltung vum Fonds du rail; Verwaltung vum Fonds des raccordements ferroviaires internationaux; Eisebunnsreguléierung; Gestioun vun den Eisebunnsgidder; Eisebunnsverwaltung; CFL
- Mobilitéitsplanifikatioun: Strategie, Koordinatioun, Iwwerwaachen a Planifikatioun vun der multimodaler Mobilitéit; Ausbau vun den Transportreseauen (Eisebunn, Tram, Bus, Strooss an duuss Mobilitéit) an der Intermodalitéit; innovativ Mobilitéitsoffer; Tram / Luxtram; grenziwwerschreidend Mobilitéit; Cellule fir duuss Mobilitéit; Observatoire vun der Mobilitéit; Mobilitéitsmodelléierung (Cellule modèle de trafic a Modèle multimodal et scénarios de mobilité transfrontaliers MMUST) - Mobilitéitskonzepter a -pläng (Gemengen, Patronen, Aktivitéitszonen, ëffentlech Gebaier, asw.).
- Stroosseverkéier: Fürerschäin a Chauffersausbildung; Reglementer a Verkéierssécherheet; Gestioun vun den Taxien a Locatiounsween mat Chauffer; Parkkaarte fir behënnert Leit
- Automobiltechnologie: Umellen, Homologatioun an technesch Kontroll vun de Stroossegefierer; autonom a connectéiert Gefierer; Dekarboniséierung vum Secteur vum Stroossentransport; Benotzungsrechter a Peage fir schwéier Stroossegefierer; Dematerialiséierung vun den Transportdokumenter; Zirkulatioun vu Gefierer mat Iwwergréisst
- Stroossentransport (Code de la route): Reglementer iwwer international Stroossentransporter; Geneemegunge fir den internationale Persounen- a Giddertransport op der Strooss; Stroossekontroll; Reglementer fir den Transport vu geféierleche Gidder (Strooss, Eisebunn, Banneschëfffaart) a verdierfleche Wueren (Strooss)
- Ëffentlechen Transport: Verwaltung fir den ëffentlechen Transport; Koordinatioun vun de verschiddenen ëffentlechen Transportmëttel; Festleeë vun der Offer; Mobilitéitszentral; Geneemegunge fir den internationale Persounentransport; Tarifikatioun; RGTR-Bedreiwer; Schoultransport fir Kanner oder Jugendlecher mat spezielle pedagogeschen Ufuerderungen a fir behënnert Persounen; Adapto-Service
- Banneschëfffaart: Reglementatioun; Exploitatioun vun der kanaliséierte Musel; Hafe vu Mäertert; Service de la navigation fluviale; Gestioun vun der Flott; Gestioun vum Equipage; Gestioun vun den ëffentleche Flossgebidder
- Kombinéiert Transporter: multimodal Politik; Logistik; intermodal Terminaler
- Administration des enquêtes techniques
- Reglementatioun; Fluchhafen; Navigatioun a Loftfaart; Loftsécherung; Direktioun vun der ziviller Loftfaart; Loftverkéiersverwaltung; Entwécklung vun der Fluchhafenaktivitäten; Luxairport; Cargolux; Luxair; Agence fir d'Flugsécherheet
Beräich „ëffentlech Aarbechten“
- Allgemeng Politik vun den ëffentlechen Aarbechten: Definitioun, Konzept an Orientéierung duerch d'Festleeë vun de Bedierfnesser, d'Bestëmme vun de Prioritéiten; allgemeng Koordinatioun vun den Aarbechten; allgemeng Koordinatioun vun der Aarbecht; Kommissioun fir Kritikanalysen; Gesetzgebung iwwer d'Marché-publicken; Soumissiounskommissioun
- Staatsgebaier: Administration des bâtiments publics; Bau, Ënnerhalt an energeetesch Sanéierung vun de Staatsgebaier; Investitiounsprojeten déi aus ëffentlechen administrativen, schouleschen, gesondheets oder sozialen Investitiounsfonge finanzéiert ginn; Ënnerhalts- a Renovatiounsfong; virfinanzéiert Projeten; Fonds pour la loi de garantie
- Staatsstroossen: Bauverwaltung; Bau an Ënnerhalt vun de Staatsstroossen; Realisatioun vu Projete vun der „grousser Voirie“ déi iwwer de Fonds des routes finanzéiert ginn; Bau an Ënnerhalt vu Staudämm a Brécken; Erweiderung vum nationale Reseau vun de Vëlosweeër
- Fonds d'urbanisation et d'aménagement du Plateau de Kirchberg
- Fonds pour la rénovation de la Vieille Ville
- Fonds pour la réalisation des équipements de l'État sur le site de Belval-Ouest
- Centre de ressources des technologies et de l'innovation pour le bâtiment GIE (CRTI-B)
Kuckt och
- Regierung (Lëtzebuerg)
- Lëscht vun de lëtzebuergeschen Transportministeren
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Bauteministeren
Um Spaweck
Commons: Ministère de la Mobilité et des Travaux publics – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung
- De Portail transports.lu
Referenzen an Notten
- ↑ Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.