Monrose
Monrose | |
---|---|
Senna Guemmour, Mandy Capristo a Bahar Kızıl (vu riets, 2009) | |
Genre: | Popmusek |
Land: | Däitschland |
Grënnung: | 2006 |
Trennung: | 2011 |
Säit am Web: | wwwmonrose.de |
Memberen | |
Gesank: | Mandy Capristo |
Gesank: | Senna Guemmour |
Gesank: | Bahar Kızıl |
Monrose war eng däitsch Popgrupp déi aus dräi Sängerinne bestoung. Si gouf 2006 an der fënnefter Staffel vun der Castingshow Popstars zesummegestellt, déi um Sender ProSieben gewise gouf. Si hunn hiren éischten Album Temptation am Dezemeber 2006 verëffentlecht an haten domat groussen Erfolleg an Zentraleuropa. En huet sech 600.000 Mo verkaaft an déi éischt Singleauskopplung Shame war en Nummer-Eent-Hit an den däitschsproochege Länner.
Am September 2007 koum hiren zweeten Album Strictly Physical eraus, op deem den zweeten Hit Hot Summer ze fanne ass. Op hirem drëtte Studiosalbum Ladylike war hir lescht Top-10-Single Like a Lady ze fannen. Monrose war eng vun de wéinege Gruppen aus enger däitscher Castingshow, déi iwwer eng länger Zäit erfollegräich war an am Ganzen iwwer 3 Millioune Placke verkaaft huet. Am November 2010 hu si bekannt ginn, datt si sech géifen trennen. De leschte gemeinsamen Optrëtt haten déi dräi Memberen de 27. Februar 2011.
Memberen
- Mandy Grace Capristo (* 21. Mäerz 1990 zu Mannheim)
- Senna Guemmour (* 28. Dezember 1979 zu Frankfurt am Main)
- Bahar Kızıl (* 5. Oktober 1988 zu Freiburg im Breisgau)
Discographie
Albumen
Joer | Titel | Chartclassement [1] | Remark | ||
---|---|---|---|---|---|
DE | AT | CH | |||
2006 | Temptation | 1 (22 Wo.) |
1 (17 Wo.) |
1 (17 Wo.) |
Éischtverëffentlechung: 8. Dezember 2006 Verkeef: + 450.000 |
2007 | Strictly Physical | 2 (26 Wo.) |
7 (12 Wo.) |
6 (10 Wo.) |
Éischtverëffentlechung: 21. September 2007 Verkeef: + 150.000 |
2008 | I Am | 9 (14 Wo.) |
20 (4 Wo.) |
14 (5 Wo.) |
Éischtverëffentlechung: 26. September 2008 |
2010 | Ladylike | 10 (13 Wo.) |
26 (5 Wo.) |
25 (5 Wo.) |
Éischtverëffentlechung: 11. Juni 2010 Verkeef: + 30.000[2] |
Singelen
Joer | Titel | Chartclassement [1] | Remark | ||
---|---|---|---|---|---|
DE | AT | CH | |||
2006 | Shame Temptation |
1 (17 Wo.) |
1 (17 Wo.) |
1 (18 Wo.) |
Éischtverëffentlechung: 1. Dezember 2006 Verkeef: + 600.000[2] |
2007 | Even Heaven Cries Temptation |
6 (12 Wo.) |
17 (15 Wo.) |
19 (7 Wo.) |
Éischtverëffentlechung: 2. Mäerz 2007 |
Hot Summer Strictly Physical |
1 (16 Wo.) |
1 (18 Wo.) |
1 (26 Wo.) |
Éischtverëffentlechung: 29. Juni 2007 Verkeef: + 165.000 | |
Strictly Physical Strictly Physical |
6 (11 Wo.) |
16 (10 Wo.) |
29 (8 Wo.) |
Éischtverëffentlechung: 14. September 2007 | |
What You Don't Know Strictly Physical |
6 (18 Wo.) |
16 (13 Wo.) |
34 (10 Wo.) |
Éischtverëffentlechung: 7. Dezember 2007 | |
2008 | Strike the Match I Am |
10 (10 Wo.) |
16 (10 Wo.) |
11 (12 Wo.) |
Éischtverëffentlechung: 6. Juni 2008 |
Hit 'n' Run I Am |
16 (9 Wo.) |
29 (6 Wo.) |
55 (5 Wo.) |
Éischtverëffentlechung: 4. Oktober 2008 | |
Why Not Us I Am |
27 (8 Wo.) |
53 (2 Wo.) |
— | Éischtverëffentlechung: 28. November 2008 | |
2010 | Like a Lady Ladylike |
9 (18 Wo.) |
9 (16 Wo.) |
13 (10 Wo.) |
Éischtverëffentlechung: 28. Mee 2010 |
This Is Me Ladylike |
22 (11 Wo.) |
28 (6 Wo.) |
— | Éischtverëffentlechung: 27. August 2010 | |
Breathe You In Ladylike |
60 (2 Wo.) |
— | — | Éischtverëffentlechung: 3. Dezember 2010 | |
Nummer-Eent-Singelen | 2 | 2 | 2 | ||
Top-20-Singelen | 8 | 7 | 5 |
Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 Chartquellen: DE AT CH
- ↑ 2,0 2,1 oljo.de: Popstars Gruppe Monrose von Plattenfirma gefeuert, Trennung! (25. November 2010)
Um Spaweck
Commons: Monrose – Biller, Videoen oder Audiodateien |