Den NGC 1999 ass e stëbsege Reflexiounsniwwel am StärebildOrion, op enger Distanz vu 1.500 Liichtjoer. De Gas gëtt vum variabele Stär V380 beliicht a mécht sou och d'Stëbstrukture siichtbar. Den Niwwel ass an der Géigend vum bekannten Orionniwwel M42.