Nationalstrooss 24
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/0b/Luxembourg_N24.png/250px-Luxembourg_N24.png)
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/a/a1/Rippweiler_borne_N24_%28101%29.jpg/250px-Rippweiler_borne_N24_%28101%29.jpg)
D'Nationalstrooss N24 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Réidener Kanton.
Se fänkt zu Uewerpallen op der Kräizung mat der N22 un a leeft da laanscht Liewel, an duerch Biekerech, Hitten, Näerden a Rippweiler. Kuerz hanner Rippweiler kräizt se sech mat der N12 a geet da weider bis op Useldeng.
Zu Useldeng huet se dann erëm Uschloss un d'N22.
Se huet eng Gesamtlängt vun 11,8 km.
Um Spaweck
Commons: Route nationale 24 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |